Centre Culture Régional
Dudelange opderschmelz

1a rue du centenaire
L-3475 Dudelange

22.11.2024

20h00
opderschmelz - Grand Auditoire

Ouverture des portes à 19h00

Prévente / Vorverkauf

25 € (+ FRAIS/VVK-GEBUHREN)

Caisse du soir /
Abendkasse

30 €

KULTURPASS: Entrée gratuite / Freier eintritt / Free Entry

Am Kader vum 30. Anniversaire vun "Diddeleng hëlleft"

Leschten Abrëll ass eppes Besonnesches zu Diddeleng entstane...Dream Catcher & The Big Gang Theory hunn sech getraff, geschafft an hate gaaaaanz vill Spaass.

Am ganzen hunn déi 24 Museker 12 Lidder aus der Vergaangenheet geholl, nei arrangéiert an doraus en Album geschaf, deen dësen November virgestallt gëtt.

Freed iech op al Bekanntes an neier Form!

Säit iwwer 25 Joer begeeschtert Dream Catcher Fans mat super Live Concerte ronderëm de Globus, vu Kanada bis an d'USA bis Japan, Singapur an Europa. D'Dream Catcher sinn de charismatesche Frontmann John Rech, begleet vun der Virtuositéit vum Gittarist Christof Brill, déi wëller Melodie vum Wolfgang Wehner op Gei, Eric Falchero op Akkordeon a Piano, de zolitte Groove vum Claude Zeimes um Bass an dem Rainer Dettling op der Drums.  

Eng faarweg an divers Mëschung vun hire lëtzebuerger Wuerzelen, gemëscht mat kelteschem Folk, franséischem Chanson a berouegendem Pop. Déi talentéiert Museker wäerten direkt Äert Häerz erfaassen an Iech op eng musikalesch Rees huelen. Dream Catcher si wéi hir Heemecht: méisproocheg a kosmopolitesch.