Centre Culture Régional
Dudelange opderschmelz

1a rue du centenaire
L-3475 Dudelange

14.07.2021

20h00
opderschmelz - Grand Auditoire

Ouverture des portes à 19h00

Prévente / Vorverkauf

15 € (+ FRAIS/VVK-GEBUHREN)

Caisse du soir /
Abendkasse

20 €

KULTURPASS: Entrée gratuite / Freier eintritt / Free Entry

Zënter méi, wéi 10 Joer huet sech Benny & The Bugs an der Lëtzebuerger Folklor-Zeen etabléiert.  Dräi CD’en hunn si schonn erausbruecht. Di Blo (2006), di Gréng (2008) an di Giel (2012).  Di lescht Bugs-CD huet souguer en Numm: et ass de Jean-Pierre. Wanns Du e scho méi oft gelauschtert hues, kanns De en och Jemp nennen! 

Eng nei (komplett!) Versioun vum “Bommeleeër” däerf aus traditionelle Grënn net feelen.  Wéi ëmmer op lëtzebuergesch a wéi ëmmer mat eegenen Texter aus dem Liewe gegraff. Mee besser nach, wéi all Benny & The Bugs CD sinn natierlech hier rar geséinte Live-Optrëtter. Mat Klassiker wéi zum Beispill ‘Schéine Bonjour’, ‘Ökotut’, ‘Chance mam Wieder’ oder ‘Sandweiler’ hunn si hier ganz eegen Aart a Weis, fir d’Publikum ze begeeschteren a mat anzebannen.  Fir haart matzesangen a lues ze schmunzelen. Dofir kommt dohin, soss verpass De Eppes!

www.bennyandthebugs.lu