Benny: Haaptmann vun de Grouwen
Pol: Gesang an Tralala
Claus: Panzpiano
Woll: Geschrammels
Carlo: Geschrammels
Flëpp: Kontrabugs
Bronko: Schéissbud
Seit méi, wéi 10 Joer huet sech Benny & The Bugs an der lëtzebuerger Folklore-Szene établéiert. Dräi CD’en hu si schon erausbruegt. Di Blo (2006), di Gréng (2008) an di Giel (2012). Di lescht Bugs-CD huet souguer en Numm: et ass de Jean-Pierre. Wanns Du e scho méi oft gelauschtert hues, kanns De en och Jemp nennen!
Eng nei (komplett!) Versioun vum “Bommeleeër” däerf aus traditionelle Grënn net fehlen. Wéi emmer op lëtzebuergësch a wéi ëmmer mat egenen Texter aus dem Liewe gegraff.Mee besser nach, wéi all Benny & The Bugs CD sin natiirlech hier rar geséinte Live-Optrëtter.
Mat Klassiker wéi zum Beispill ‘Schéine Bonjour’, ‘Ökotut’, ‘Chance mam Wieder’ oder ‘Sandweiler’ hu si hier ganz egen Art a Weis, fir d’Publikum ze begeeschteren a mat anzebannen. Fir haart matzesangen a lues ze schmunzelen. Dofir kommt dohin, soss verpass De Eppes!
Kulturpass welcome! Reservieren unter (+352) 51 61 21 - 2942