D'Kennschaft vum Ëmgang mam Eisenäerz geet wäit zeréck bis bei d'Kelten an d'Germanen. Hei zu Lëtzebuerg gouf an den 1800er Joren als éischt Rasen-Eisenäerz ofgebaut, z.B. am Guttland vun de Baueren.
An den 1880er Joeren goufen am Minett Galerië mat Äerzvirkommen entdeckt, sou z. B. um Tattebierg oder och nach am Quartier 'Italien'. Et war den Ingenieur Joseph Wagner, deen am Frankelach an der Ëmgéigend vum Laangebierg e Schlakefloss am Buedem entdeckt huet. Dat war souzesoen den Ufank zu Diddeleng.