Les « Acoustic Picnics » marient 2 des plus grands atouts de Dudelange : sa magnifique réserve naturelle Haard et son offre culturelle exceptionnelle.
Lors des « Acoustic Picnics » les artistes et conférenciers se partagent la « scène » pour un programme « unplugged » au sens le plus strict. Sans électricité, sans combustible fossile. Et dans le respect écologique le plus absolu: zero waste, picnics composé de produits locaux…
La proximité entre artiste et public, en font une rencontre unique, ou la participation devient chantante, dansante, pensante ou même méditative.
Jemp Schuster a Claire Parsons
Liesung aus dem Roman an zwéi Bänn BLUTTSËFFER an OUERESCHLËFFER, enger 1000 Säite laanger Familljechronik an och der Geschicht vun engem Duerf iwwert ee Joerhonnert.
Am 1. Band, BLUTTSËFFER, stinn d’Famillje Gerber, Maltes a Birnbaum vu Grozeg am Mëttelpunkt. Si huelen äis mat an d’Zäit tëschent 1905 an 1952, mat zwéi Weltkricher a mat den Héichten an Déiften aus den zwanzeger an drësseger Joren.
Den 2. Band, OUERESCHLËFFER, beschreift den Ënnergank vun der Duerfkultur, tëschent de Joren 1952 an 2005. Déi al Strukture verschwannen, d’Protagonisten aus der 4. a 5. Generatioun, ginn aus der Baueregesellschaft vum 20. Joerhonnert an d’Globaliséierung vun den 2000er Joren katapultéiert.
Claire Parsons
Zanter hirem éischte Präis um “Luxembourg Music Awards” am Joer 2019 ass d’Claire Parsons international als Jazz-Gesangsolistin, Instrumentalistin a Komponistin bekannt a gefrot.
2020 huet si hire Studium am Jazz Gesang mat engem Master um Conservatoire Royal zu Bréissel ofgeschloss an ass zanterhier, als fräischaffend Musekerin, op villen nationalen an internationale Bünen a Festivaler ze gesinn an ze héieren.
Treffpunkt:
beim Centre Culturel Opderschmelz,
1a Rue du Centenaire, 3475 Dudelange