Centre Culture Régional
Dudelange opderschmelz

1a rue du centenaire
L-3475 Dudelange

21.09.2021

19h30
opderschmelz - Petit Auditoire

Ouverture des portes à 19h00

  • FR
  • DE
  • EN
  • In Luxembourgish
    For adults

    Limited seats, on reservation
    Reservation: bibliotheque@dudelange.lu, Tel: 516121-250

    De Virtrag gëtt en Aperçu iwwert d‘Geschicht vun der Diddelenger Bibliothéik vun 1918 un bis haut, iwwert d’aktuell Situatioun an een Ausbléck op d’Aufgaben an d’Defië vun der Zukunft. D’Bibliothéik ass nom éischte Weltkrich gegrënnt ginn an huet d’Gesellschaft duerch d’Verännerunge vum Joerhonnert begleet. Am Ufank hat si haaptsächlech eng pädagogesch Missioun. Am zweete Weltkrich hunn d’Nazië probéiert, aus der Institutioun ee Propaganda-Instrument ze maachen. Dowéinst huet d’Bibliothéik 1946 ee neie Bestand missen opbauen. Vun do un huet se sech esou entwéckelt, dass si am Déngscht vun enger Populatioun mat ëmmer neie Besoinë konnt sinn: de Bicherfong ass gewuess an u modern Zäiten ugepasst ginn. Haut huet d’Bibliothéik een “inklusive” Charakter an adresséiert sech un all Zorte vu Public. D’Friederike Migneco ass zënter 1998 Responsabel vun der Bibliothéik an huet an alle Quelle recherchéiert, déi haut disponibel sinn: a Bicher an a wëssenschaftlechen Aarbechten, grad esou wéi an Archivmaterialien, ob virtuell oder op Pabeier.

    Virtrag am Kader vum Centenaire vun der Diddelenger Bibliothéik