Centre Culture Régional
Dudelange opderschmelz

1a rue du centenaire
L-3475 Dudelange

28.01.2021

15h30
opderschmelz - Grand Auditoire

Ouverture des portes à 15h00

Normal

Entrée libre / Freier Eintritt / Free Entry

Normal

KULTURPASS: Entrée gratuite / Freier eintritt / Free Entry

  • FR
  • DE
  • EN
  • De Spektakel riicht sech u Grouss a Kleng ab 6 Joer.

    Op Lëtzebuergesch, 40 Minutten

    Handpoppen, Accessoiren, Bühn, d’Kusinn Mim: Annick Sinner
    Musek (Kompositioun a Spill, Saxophon Sopran), d’Maus KättiNadine Kauffmann
    Mise en scène a LuuchtekreatiounMartine Conzemius
    Photokredit:Annick Henricy
    Kostümer: Toile Si-Re
    Produktion: Toile Si-Re a.s.b.l. op Commande vum Ministère de la Culture
     


    En collaboration avec la Bibliothèque régionale et la Commission de la famille de Dudelange.

    GetAttachmentThumbnail?id=AAMkAGVjNmM3Mz

    The performance of "Maus Kätti" will be in Luxembourgish.

    D’Maus Kätti sëtzt bei hirem Lach

    zu Biermereng am Feld;

    „Wéi schéin, denkt se, ass d’Liewen dach,

    wéi gutt ass `t op der Welt.“

    Wien kennt se net, des Ufankszeilen aus dem Auguste Liesch senger beléifter Maus Kätti, der Kusinn Mim aus Clausen am dem léiwe Metti? Dëst éischt Wierk vum Auteur gëtt 1936 verëffentlecht an entwéckelt sech schnell zu engem echte lëtzebuerger Klassiker fir Grouss a Kleng. Mat vill Fangerspëtzegefill geléngt et dem Auguste Liesch déi berühmte Fabel vum Aesop vun der Land - an der Stadmaus an ee lëtzebuerger Kontext ze setzen.

    D’Maus Kätti wunnt um Land a kritt enges Daags Besuch vun hirer Kusinn Mim aus der Stad. D’Kätti ass iwwerglécklech, mee d’Mim fillt sech guer net wuel an huet och guer keng Loscht op dat einfacht,  rouegt a gemittlecht Landliewen. De graffe Kascht deen d’Kätti him opdëscht, geet em ganz laanscht de Stréch. Frou ass et, fir schnell nees zréck an d’Stad ze goen. Et probéiert awer d’Kätti z’iwwerrieden, hatt eemol an der Stad ze besichen. Wat d’Kätti och mécht! Allerdéngs mat enger gewëssener Angscht awer och Virfreed am Gepäck! D’Kätti ass total iwwerwältegt vun deem Luxus, vun der ongewinnter Villfalt a léisst sech voll a ganz dorobber an. Hatt decidéiert souguer säin aalt Liewen iwwer Bord ze werfen, dem Landliewen de Réck ze dréinen a beim Mim an der Stad ze bleiwen. Mee, wéi d’Liewen sou schéi spillt, lafen dem Kätti zum richtege Moment den Tunn an d’Munni iwwert de Wee …

    An enger Welt, wou mir eigentlech „alles“ kennen hunn, wou vill ënnerschiddlech Liewensstiler méiglech sinn, wou déi individuell Fräiheet a Selbstverwierklechung eng grouss Wichtegkeet huet, wou mir de Choix hunn - l’embarras du choix - ass d’Thematik vun dëser Geschicht brandaktuell. Wat passt dann elo bei mech, wat gehéiert zu mir, wat mécht mech a mengem Ënnersten wierklech frou - a net mäi Noper oder meng Frënn, meng Famill oder mäi Partner - wat mécht MECH frou? Des Froen si wesentlech a beschäftegen net ëmsoss d’Mënschheet schonn zënter méi wéi 2500 Joer. Sou laang ass et nämlech hir, dass den Aesop des Fabel geschriwwen huet.

    D'Entrée ass gratis! Reservéiert w.e.g. Är Platz hei: https://e-ticket.lu/de/detail/7418

     
     

    We are happy to welcome you back at our venue!
     
    Currently our concerts take place in compliance with strict security and hygiene measures. For this reason each visitor will be assigned a seat and the use of a mask wll be mandatory during your visit. 
    In order to ensure social distancing, there will only be a very limited number of seats available. We therefore recommend that you buy your seat in advance.