20 Joer MAKADAMMEN! Wow! Dat muss gefeiert ginn!
Mir maachen ee Konveniat an do luede mir all eis “Avataren” vun deene leschte Joeren an, a loossen en etlech flott Momenter Revue passéieren.
Einfach aus der Haut fueren
Fir een Aneren ze ginn
Mir fillen eis wéi neigebueren
Wa mir op der Bühn stinn
Aus dem Jeckyll gëtt d’Miss Hyde
Aus dem Beauty gëtt e Beast
Aus dem Bonny gëtt e Clyde
A last but not least
Gëtt aus lackéiert Fangerneel schaarf Krallen
Aus douce Fraen, Femmes fatalen
Wa mir op d’Bühn ropklammen
Gi mir:(d’Maggy, d’Monique, d’Susy an d’Théa)
D’MAKADAMMEN
Virverkaf : 15 €
Iwerweise kënt dir de Betrag mat der Mentioun „Makadammen + äre Numm + är Tel.nr“ op der Kont LU76 0019 7000 0072 8000 vun den Femmes Socialistes Diddeleng. Är Iwerweisung gëlt als Reservatioun. Fir weider Informatiounen: 621 164667
---
CovidCheck Info