Centre Culture Régional
Dudelange opderschmelz

1a rue du centenaire
L-3475 Dudelange

07.02.2021

10h00
opderschmelz

Ouverture des portes à 10h00

  • DE
  • Wëllkomm bei de Kannerbicherdeeg 2021!
    Dëst Joer kennt dir Lëtzebuerger Kannerbicher virgelies vu Schrëftstellerinnen an eng Poppentheater-Opféierung vu “Maus Kätti” ausnamsweis a virtueller Form entdecken.

    Samschden 6. Februar  10h00 / Sonden 7. Februar 15h00
    Myriam Karels - De Wëlle leeft am Bësch

    Wann ee probéiert, d’Welt mat aneren Aen ze gesinn, mierkt een, dass vill méi an de Saache stieche kann, wéi een op den éischte Bléck mengt. Dëst stellen och de Charel a säin näischnotzege klenge Brudder Jim an enger spannender Rees duerch d’Haus fest. Mat enger gesonder Portioun Fantasie verwandele se Decken an Hielen, Wäschkierf a Schëffer a klotere gewëtzt iwwer all Steen, deen hinnen an de Wee geluecht gëtt.
     

    ~

    Samschden 6. Februar 11h00 / Sonden 7. Februar 14h00

    Christiane Kremer - So mol Lobo & De Geescht Gubi

    “Wa kee mir nolauschtert, da muss ech och net méi schwätzen”, denkt de Lobo fir sech an hält duerno einfach de Mond. Dat geet esou laang gutt, bis e seng nei Nopesch Lola kenneléiert. So mol, Lobo! ass eng Geschicht iwwer d’Schwätzen. An doriwwer, wéi wichteg et ass, mateneen ze schwätzen a sech eppes ze soen.

    Viru laanger Zäit, wéi ech mat mengen Elteren a Schottland an der Vakanz war, sinn ech an engem ale Schlass dem Gubi begéint. Hien huet mir seng Geschicht erzielt, déi ech bis haut net vergiess hunn. En häerzlecht Billerbuch vum Guido Van Genechten iwwer e ganz spezielle Geescht, deen e bëssi anescht ass.

    ~
    Samschden 6. Februar 14h00 / Sonden 7. Februar 11h00
    Martine Schoellen - D'Schmetten an d'Schmooen

    D'Schmetten an d'Schmooen erzielt vun enger onméiglecher Léift op engem Planéit wäit ewech. D'Babett gehéiert zum Vollek vun de Schmetten, de Jo zu deem vun de Schmooen. Déi eng si rout, déi aner blo, an all Kand léiert vu klengem un, dass een net mat deenen anere spille soll. Mee d'Babett an de Jo, déi halen sech net un d'Reegelen. 

    ~
    Samschden 6. Februar 15h00 / Sonden 7. Februar 10h00
    Maus Kätti - Poppentheater opgefouert “Toile Si-Re a.s.b.l“

    D’Maus Kätti wunnt um Land a kritt enges Daags Besuch vun hirer Kusinn Mim aus der Stad. D’Kätti ass iwwerglécklech, mee d’Mim fillt sech guer net wuel an huet och guer keng Loscht op dat einfacht, rouegt a gemittlecht Landliewen. Et probéiert awer d’Kätti z’iwwerrieden, hatt eemol an der Stad ze besichen. Wat d’Kätti och mécht! Mee, wéi d’Liewen sou schéi spillt, lafen dem Kätti zum richtege Moment den Tunn an d’Munni iwwert de Wee …

    Den Handpoppen-Spektakel riicht sech u Grouss a Kleng ab 6 Joer.
     

    ~
    Samschden 6. 16h00 / Sonden 7. Februar 16h00
    Cathy Clement - De Fäert-Uasch

    Wat dMaude méi grouss a verstänneg gëtt, wat seng Famill him méi Kappzerbrieches bereet. Hunn déi all de Klimpi vreckt oder sinn ech net normal?!, freet hatt sech. An der Schoul sinn och vill Toperten ënnerwee an dMaude zitt sech ëmmer méi zeréck a seng eege Welt. Mee hatt ass net eleng. Zanter senger Gebuert ass e klengt Monster extra fir hatt do. Ëmmer, wann dMaude veronséchert gëtt, wiisst säi Monster, bis et op eemol esou grouss gëtt, dass déi zwee sech richteg kenneléieren.

    D’Videoe ginn als Première op eisem Site an op eiser Facebook-Säit am Streaming gewisen.

    En collaboration avec la Bibliothèque régionale et la Commission de la famille de Dudelange.


     GetAttachmentThumbnail?id=AAMkAGVjNmM3Mz