Centre Culture Régional
Dudelange opderschmelz

1a rue du centenaire
L-3475 Dudelange

21.08.2022

18h00
Parc Naturel Haard

Ouverture des portes à 17h45

Kulturpass

KULTURPASS: Entrée gratuite / Freier eintritt / Free Entry

Ticket ouni Picknick

Prévente / Vorverkauf

15 € (+ FRAIS/VVK-GEBUHREN)

Ticket mat Picknick 1

Prévente / Vorverkauf

30 € (+ FRAIS/VVK-GEBUHREN)

Ticket mat Picknick 2

Prévente / Vorverkauf

35 € (+ FRAIS/VVK-GEBUHREN)

  • LU
  • Picknick 1 (à 15€)
    - 1/2 Baguette
    - 2 Zorte Kéis
    - Pesto
    - Oliven
    - frësch Tomates Cerises
    - 1 Limonade
    - 1 Nosseck (Dessert)
    ----
    Picknick 2 (à 20€) 
    - 1 Baguette
    - 4 Zorte Kéis
    - Pesto
    - Oliven
    - frësch Tomates Cerises
    - 1 Limonade
    - 1 Nosseck (Dessert)
    ---
    Réservatioune mat Picknick bis 30 Stonne virum Départ

    Acoustic Picnics

    Matt „Acoustic Picnics“ kommen déi schéinsten Eegenschafte vun Diddeleng zesummen: De Naturpark Haard an déi eenzegaarteg Diddelenger Kulturlandschaft.

    „Acoustic Picnics“ sinn Kënschtler.innen a Conferencieren, déi en eemolegen „unplugged“ Programm ubidden. D’Natur ass d’Bün, ouni Stroum a fossil Energien. An domat och ganz am Sënn vun engem bewossten Ëmgang mat der Ëmwelt, zesumme mat eiser „Zero Waste“ Politik an enger Picknick Offer aus regionale Produiten.

    Acoustic Picnics ass en enkt, wéi och en exklusiivt Zesummespill tëscht Artist.in a Publikum mat Momenter fir ze danzen, nozedenken, ze sangen oder souguer ze meditéieren.

    Jemp Schuster a Claire Parsons

    Liesung aus dem Roman an zwéi Bänn BLUTTSËFFER an OUERESCHLËFFER, enger 1000 Säite laanger Familljechronik an och der Geschicht vun engem Duerf iwwert ee Joerhonnert.

    Am 1. Band, BLUTTSËFFER, stinn d’Famillje Gerber, Maltes a Birnbaum vu Grozeg am Mëttelpunkt. Si huelen äis mat an d’Zäit tëschent 1905 an 1952, mat zwéi Weltkricher a mat den Héichten an Déiften aus den zwanzeger an drësseger Joren.

    Den 2. Band, OUERESCHLËFFER, beschreift den Ënnergank vun der Duerfkultur, tëschent de Joren 1952 an 2005. Déi al Strukture verschwannen, d’Protagonisten aus der 4. a 5. Generatioun, ginn aus der Baueregesellschaft vum 20. Joerhonnert an d’Globaliséierung vun den 2000er Joren katapultéiert.

    Claire Parsons

    Zanter hirem éischte Präis um “Luxembourg Music Awards” am Joer 2019 ass d’Claire Parsons international als Jazz-Gesangsolistin, Instrumentalistin a Komponistin bekannt a gefrot.

    2020 huet si hire Studium am Jazz Gesang mat engem Master um Conservatoire Royal zu Bréissel ofgeschloss an ass zanterhier, als fräischaffend Musekerin, op villen nationalen an internationale Bünen

    a Festivaler ze gesinn an ze héieren.

    Treffpunkt: 
    beim Centre Culturel Opderschmelz,
    1a Rue du Centenaire, 3475 Dudelange