Alter: 3 - 7 Joer
Dauer: 50 Minutten
Sprooch: Lëtzebuergesch + däitsch Gebäerdesprooch
Spill - Catherine Hengesch, Jenny Spielmann, Lynn Menster
Musek - Trio Dora: Carole Mallinger-Leyers (Gei), Yves Tordy (Cello), Annalena Castagna (Piano)
Kostümer & Dekor - Alexandra Lichtenberger
Technik & Luucht - Steve Demuth
Oeil extérieur - Mirka Costanzi
Produktioun - Mierscher Theater
An dësem Musekstheater dierfen net just d'Stäre rëm méi hell liichten, mee och déi 3 Komponistinnen Elfrida Andrée, Mélanie Bonis a Julia Smith erstralen.
D'Mina ass nuets rëm ënnerwee. De Mound steet um Himmel an d'Stäre blénken. Him fält op, datt et Stäre ginn, déi méi hell liichten a Stären, déi manner hell liichten.
Hatt freet sech firwat dat esou ass. Hatt streckt sech, gräift no engem Stär an hëlt e bei sech. Et ass ee Stär, dee kaum fonkelt, mee just ganz liicht glënnert.
Gutt dass d'Stärefra an de Mound dem Mina hëllefe fir d'Stäre rëm un d'Liichten ze kréien.