Scahuspill - Laure Schreiner
Regisseur - Jemp Schuster
Illustratiounen - Mélusine Mainville
D’Alice am Verwonnerland
Eng One-Woman Show
Alice… pass op…du fäls!
Do, elo ass et geschitt! Elo ass et erof an dat däischtert Lach gefall. Erof, erof, an ëmmer méi déif erof. Hatt erwächt am Verwonnerland, engem Land dat sou verwonnerlech ass, dass een sech net méi brauch ze wonneren. Hei erlieft d’Alice seng ganz eegen, surreal Odyssee mat villen ënnerierdeschen Aventuren an deene verwonnerlechste Gestalten.
Dës fantasievoll an ausdrocksstaark One-Woman Show, geschriwwen an opgefouert vum Laure Schreiner, ënnert der Regie vum Jemp Schuster, beschäftegt sech mat der Situatioun vu jonke Mënschen, déi hire Wee an hir Plaz an der Gesellschaft sichen. Op eng humoristesch a satiresch Aart a Weis gi sozial a politesch Themen, wéi zum Beispill de „surrealen“ Immobiliëmaart zu Lëtzebuerg, déi richteg Beruffswiel, d'Léift an d’Roll vun der Fra duergestallt.
Grad ewéi de Walt Disney Zeechentrickfilm an dem John Tenniel seng original Illustratioune vum Alice's Adventures in Wonderland äis an eng aner Welt entféieren, esou gëtt och dës rasant a charmant Opféierung, duerch der Kënschtlerin Mélusine Mainville hir Illustratioune, bildlech ënnermoolt.