Andy Genen & John Rech | Angie Schneider | Atelier Kannerbuch | Bibliothèque Régionale de Dudelange | Cíntia Ertel | D'Frënn vun der 9. Konscht | Dany Gales | Diddeleng Hëlleft | Editions Guy Binsfeld | Editions Kremart | Editions op der Lay | Editions Schortgen | Editions Zoom | EducDesign & Hörgeschädigt asbl | Fédération Générale des Instituteurs Luxembourgeois | Isabel Wey | Jacky Jack | Librairie Diderich | Librairie Ernster | Librairie Pessoa | Libreria Italiana-Lussemburgo | Luxart | Mireille Weiten-de Waha | Monique Feltgen | Numulis | Philou | Rotondes | Sabrina Kaufmann | Zoé Perrenoud
D'Stad Diddeleng organiséiert samschdes, de 25. Januar, de 16. Kanner- a Jugendbicherdag. Vun 10 Auer moies bis 6 Auer owes erwaarden Iech am centre culturel opderschmelz eng 30 national an international Auteuren a Verläg. Donieft ginn et de ganzen Dag iwwer kreativ Atelieren, Liesunge fir all Alter a verschiddene Sproochen esou zwou Virstellunge mam Luisa Bevilacqua. Den Entrée ass fräi.
Gëff selwer zum Auteur am Buchatelier mat Editions Zoom !
Gestalt deng ganz eege Buttons!
Petit Auditoire | 45min | Vu 6 Joer un
Op Lëtzebuergesch
Ee klengt Meedche wënscht sech ee Schëff, fir no enger friemer Insel a sengem Papp ze sichen, dee viru laanger Zäit verschwonnen ass. Den ale Kapitän Yvan begleet d’Kand op dëser Sich nom Onméiglechen a bréngt him bäi, datt ee souwuel op Séi, wéi och am Liewen ëmmer standhaft bleiwen a seng Dreem am A behale muss. Zesumme maache si sech op eng Rees voller Abenteuer a Poesie, bei der d’Grenzen tëscht de Welte verschmëlzen.
Fräi nom José Saramago sengem Märche vun der friemer Insel.
En collaboration avec la Bibliothèque régionale et la Commission de la famille de la Ville de Dudelange.