Centre Culture Régional
Dudelange opderschmelz

1a rue du centenaire
L-3475 Dudelange

22.05.2023

20h00
opderschmelz - Petit Auditoire

Ouverture des portes à 19h00

Entrée libre / Freier Eintritt / Free Entry

KULTURPASS: Entrée gratuite / Freier eintritt / Free Entry

  • LU
  • « Diddelenger Geschicht(en) » mam Germaine Goetzinger

    D’Liewe vun der Aline Mayrisch. (1874-1947). En Opbroch an d’Modernitéit

    D’Aline Mayrisch war eng aussergewéinlech Perséinlechkeet. Si war vill méi wéi nëmmen

    d’Fra vun dem bekannten Industriellen Emil Mayrisch. Si hat och selwer eppes ze soen. An

    enger vun de Männer dominéierter Welt huet si sech fir d’Selbstbestëmmung vun de Fraen

    agesat a war bereet wäit iwwer dat erauszegoen, wat de Fraen deemools zougestane gouf. De

    Virtrag vum Germaine Goetzinger geet op déi verschidde Facetten vun hirem Engagement an,

    dat sech tëschent Feminismus, sozialer Aarbecht a Literatur beweegt huet. E besonneschen

    Akzent gëtt op déi méi wéi zwanzeg Joer geluecht, wou d’Aline Mayrisch zu Diddeleng

    geliewt huet.

    Zitater aus de Bréiwer an den Texter vum Aline Mayrisch an aneren Zäitgenosse gi vum

    Christiane Rausch gelies.

    organiséiert vum CCRD opderschmelz an Les Amis de Dudelange et du Mont Saint-Jean