Centre Culture Régional
Dudelange opderschmelz

1a rue du centenaire
L-3475 Dudelange

24.01.2023

15h00
opderschmelz - Grand Auditoire

Ouverture des portes à 14h30

KULTURPASS: Entrée gratuite / Freier eintritt / Free Entry

Enfants 24.1 15h

Prévente / Vorverkauf

10 € (+ FRAIS/VVK-GEBUHREN)

Enfants 24.1 15h

Caisse du soir /
Abendkasse

12 €

Enfants 25.1 10h

Prévente / Vorverkauf

10 € (+ FRAIS/VVK-GEBUHREN)

Enfants 25.1 10h

Caisse du soir /
Abendkasse

12 €

Adultes 24.1 15h

Prévente / Vorverkauf

15 € (+ FRAIS/VVK-GEBUHREN)

Adultes 24.1 15h

Caisse du soir /
Abendkasse

20 €

Adultes 25.1 10h

Prévente / Vorverkauf

15 € (+ FRAIS/VVK-GEBUHREN)

Adultes 25.1 10h

Caisse du soir /
Abendkasse

20 €

  • LU
  • Fir den 250. Gebuertsdag vum Ludwig van Beethoven huet den Trio Dora an der Zesummenaarbecht mam Catherine Hengesch an dem Jenny Spielmann eng musikalesch Opféierung kreéiert, an där d’Kanner d’Liewen an d’Musek vum Komponist op eng spilleresch Aart a Weis entdecke kennen. Dëst Kannerstéck ass fir Kannervun 3-7 Joer. Si ginn opgefuerdert sech aktiv un der Sich no der verluerener Melodie vum Trio No3 Op1 vum Beethoven deelzehuelen. Wäerten si d’Melodie erëmfannen?

    D’Mina wunnt an engem grousse Schlass, an deem och schonns de Beethoven als Gaascht beim Fürst Lichnowsky gewunnt huet. De Viktor, e faarwegt an ëmmer gutt gelauntent Fuebelwiesen ass dem Mina säi Frënd. Och hie wunnt scho ganz laang hei am Schlass an huet deemools de Ludwig van Beethoven héchstperséinlech kenne geléiert.Hien huet esou guer dierfe mat deem grousse Komponist zesumme sangen a musizéieren.Dowéinst weess hien och esou munch witzeg Geschicht ze erzielen.Mee wou hie senger Frëndin seng Liblingsmelodie vum Beethoven well virsangen, weess hien ob eemol net méi wei se geet...dat mécht hien immens traureg. Zesumme mat de Kanner siche mir no der verluerener Melodie. Vläicht kann eis de Mound jo weiderhëllefen?