Centre Culture Régional
Dudelange opderschmelz

1a rue du centenaire
L-3475 Dudelange

21.10.2022

20h00
opderschmelz - Grand Auditoire

Ouverture des portes à 19h30

  • FR
  • LU
  • „An hirem 30-järege Bestoe war Douane’s Musek mat hire Solistinnen a Soliste schonn en etlech Mol de Publikum „opderschmelz“ begeeschtere komm a si freeën sech drop dat och dëst Joer erëm ze maachen, war de Concert dach scho virun der Corona-Pandemie geplangt gewiescht. Déi 30 Musikantinnen a Musikanten presentéieren en ofwiesslungsräiche Programm mat instrumentalen an och gesangleche Stécker aus verschiddene Länner, déi d’Leit bestëmmt net roueg wäerte sëtze loossen.“

    Keen hat geduecht datt et haut eng Douane’s Musek géif ginn, déi esou vill opzeweisen huet, nodeems sech de 15. Mee 1992 eng 16 Kolleegen aus der Douane zesumme mam deemolegen Adjutant Paul Dahm vun der Militärmusek an enger éischter Prouf am Casino syndical zu Bouneweg gesinn hu fir d’akademesch Sëtzung vun der Association des Douaniers Luxembourgeois ze verschéineren. 

    Ënnert dem Impuls vum Jean-Pierre Reuter, deen an der Grënnungsversammlung vum 15. Oktober 1993 den éischten President war, ass dat Kand vun deemools en dichtegen Erwuessene ginn. Am Mäerz 2019 huet den Änder Friden den Flambeau iwwerholl.

    Am Laf vun deene méi wéi 20 Joer wou d'Douane’s Musek elo besteet kann een och scho vu richtegen Traditioune schwätzen wei zum Beispill d’Patronatsfest vun den Douanieren an de Concert op der Place d’Armes. Niewent ganz ville Concerten uechter d’ganz Land waren d'Concerte mam Änder Hirtt & Friends an dem Sträicherensembel vum Vania a Judith Lecuit an der Philharmonie 2008 an um Knuedler 2009 2 vun deene gréissten Optrëtter hei am Land. Och huet d’Douane’s Musek net de Wee iwwer eis Grenze gefaart an huet schonn en etlech Optrëtter am Ausland gehat wéi zu Aachen, Antwerpen, Calella (E), Mülheim/Mosel, Orscholz, Prüm an Tréier. 

    Gutt 40 Musikantinnen a Musikante bréngen Zefriddenheet a vill Begeeschterung mat an d’Douane’s Musek. Och wann am Ufank de Style enger klassescher Duerfmusek entsprach huet, esou ass ënnert dem Impuls vum dynameschen Dirigent Änder Friden  méi d’Richtung vun enger Big-Band oder Show-Band mat Sänger respektiv Sängerin wéi dem Danielle Kohll, Tania Welter, Sandy Botsch, Kim Scheiden, Änder Hirtt, Misch Stimpfl a Claude Hoffmann, repektiv Soliste wéi dem renomméierten Trompettist Tony Schuster ageschloe ginn. Vill Fläiss a gutt besichte Prouwen hunn ëmmer méi en héijen Niveau bruecht.