Zënter méi, wéi 10 Joer huet sech Benny & The Bugs an der Lëtzebuerger Folklor-Zeen etabléiert. Dräi CD’en hunn si schonn erausbruecht. Di Blo (2006), di Gréng (2008) an di Giel (2012). Di lescht Bugs-CD huet souguer en Numm: et ass de Jean-Pierre. Wanns Du e scho méi oft gelauschtert hues, kanns De en och Jemp nennen!
Eng nei (komplett!) Versioun vum “Bommeleeër” däerf aus traditionelle Grënn net feelen. Wéi ëmmer op lëtzebuergesch a wéi ëmmer mat eegenen Texter aus dem Liewe gegraff. Mee besser nach, wéi all Benny & The Bugs CD sinn natierlech hier rar geséinte Live-Optrëtter. Mat Klassiker wéi zum Beispill ‘Schéine Bonjour’, ‘Ökotut’, ‘Chance mam Wieder’ oder ‘Sandweiler’ hunn si hier ganz eegen Aart a Weis, fir d’Publikum ze begeeschteren a mat anzebannen. Fir haart matzesangen a lues ze schmunzelen. Dofir kommt dohin, soss verpass De Eppes!
CovidCheck Info: https://covid19.public.lu/de/covidcheck.html