Centre Culture Régional
Dudelange opderschmelz

1a rue du centenaire
L-3475 Dudelange

29.09.2025

20h00
opderschmelz - Petit Auditoire

Ouverture des portes à 19h30

  • FR
  • LU
  • Diddelenger Geschicht(en) Charles Barthel - Mayrisch & l’usine sidérurgique avant la Première Guerre mondiale

    D'Diddelenger Geschicht(en) ginn organiséiert vun den Diddelenger Geschichsfrënn an dem Centre culturel opderschmelz.

    Den Emile Mayrisch, “seng” Diddelenger Schmelz, an hir zentral Roll bei der Entsteeung vun der Arbed

    Zanter hien techneschen Direkter op der Diddelenger Schmelz gi wor, huet den Emil Mayrisch alles dru gesat, fir säin Betrib ze moderniséieren a gläichzäiteg méi breet opzestellen duerch eng Fusioun, wéinstens mat Metz & Cie vun Eech-Dummeldeng a, firwat net, och mat der Schmelz vu Burbach am Saarland. Senger Meenung no gouf et keng aner Alternativ ass ewéi den däitsche Modell vun ëmmer méi groussen a méi performanten Konzerner ze imitéieren.

    Di Hären aus de respektive Verwaltungsréit waren allerdéngs laang Zäit éischter retizent. Wéi de Mayrisch si schliisslech iwwerzeegt krut, a wéi hien et fäerdeg bruecht huet, de Siège vun der neier Arbed-Gesellschaft op Diddeleng ze huelen, dovunner erzielt d’Konferenz a Lëtzebuerger Sprooch.

    Charel Barthel – Historiker a Mataarbechter am Nationalarchiv