Claudine Muno, compositions, guitar, vocals
Thierry Kinsch, guitar
Jamie Reinert, guitar, pedal steel
& Guests
Special Guest: Lisa Henn
Lisa Henn, vocals
Fred Barreto, guitar
Alles wat ech kann ass sangen
ech hänke Wierder hannerteneen
a wann ech dee richtegen Toun net fannen
dann huelen ech eben deen, dee grad kënnt
Ech drécken Tasten, zéie Säiten
heiansdo zidderen ech esou vill
dass ech och emol derniewend gräifen
ass dat da scho Gefill?
Bei dësem Concert wäerte Säite gezu ginn an Taste gedréckt, et gëtt esouguer op Tromme geschloen! Lidder ginn op englesch a lëtzebuergesch gesong, iwwer Wichteges oder Niewesächleches, heiansdo och einfach nëmmen iwwer Fussball. Dir kënnt dës Lidder herno och an engem klenge Buch mat heem huelen, wat bei Op der Lay erauskënnt.
Komponéiert an opgeholl goufen d’Titele vum Claudine Muno, op der Bühn gëtt hatt ënnerstëtzt vum Thierry Kinsch an Jamie Reinert, an enger ganzer Rei vu musikalesche Gäscht, déi bei der Release derbäi wäerte sinn.
Déi franco-lëtzebuergesch Sängerin Lisa Henn invitéiert hire Public an hiren intimisteschen Universum aus Folk an akustesche Lidder. Zesumme mam Gittarist Fred Barreto presentéiert d’Sängerin mat der zarter Stëmm e Moment voller Emotioun a Sensibilitéit.