Stellt iech vir et ass Kris, a kee geet dohin!
Awer déi ganz Welt ass an der Kris, an do kréie mir Lëtzbuerger eis net nees einfach dolaanscht gedréckt. Et kriselt bis an dNische vun eiser Politik. DFinanzkris huet sech zur Wirtschaftskris entwéckelt, an déi dreift déi sozial an déi oekologesch Kris hannerhälteg viru sech hir. Och Krise mussen a Krisenzäiten zesummen halen, wann se aus där selwechter eraus komme wëllen.
Awer kriselt et net scho vill méi laang an eiser Gesellschaft? Wéivill Parzeläin vu Villeroy ass scho virun der Kris an de Stéit, deene privaten an deene politeschen, zerbrach ginn? A wien hätt da geduecht datt mir de Banken eng Kéier déi Sue virstrecke missten déi si eis elo nees léine mussen? Fir datt mer nees monter weider konsuméiere kënne wéi virdrun. Sou wéi eis Regierung dat gären hätt. Et ass alt gutt datt dMarketingsagence "Gëlle Kou", eiser Regierung eng Hand mat upäckt fir dProblemer schéin ze rieden. Mëttelfristeg souere mer einfach mol weider op ganz héijem Niveau.
Kris deLux eben.
Et spillen: Rol Gelhausen, Pascal Granicz,
Monique Melsen, Karin Seywert
Texter: Rol Gelhausen, Jhemp Hoscheit
Musek: Paul Dahm, Camille Nanquette
Bühn: Anouk Schiltz
Technik: Marc Georges
Kostümer: Sylvie Hamus, Christine Kneip
Coiffeur: Rose Strasser
Affiche a Fotoen: Raymond Erbs