Centre Culture Régional
Dudelange opderschmelz

1a rue du centenaire
L-3475 Dudelange

29.04.2010

20h00
opderschmelz

Ouverture des portes à 19h30

Stellt iech vir et ass Kris, a kee geet dohin! Awer déi ganz Welt ass an der Kris, an do kréie mir Lëtzbuerger eis net nees einfach dolaanscht gedréckt. Et kriselt bis an d’Nische vun eiser Politik. D’Finanzkris huet sech zur Wirtschaftskris entwéckelt, an déi dreift déi sozial an déi oekologesch Kris hannerhälteg viru sech hir. Och Krise mussen a Krisenzäiten zesummen halen, wann se aus där selwechter eraus komme wëllen. Awer kriselt et net scho vill méi laang an eiser Gesellschaft? Wéivill Parzeläin vu Villeroy ass scho virun der Kris an de Stéit, deene privaten an deene politeschen, zerbrach ginn? A wien hätt da geduecht datt mir de Banken eng Kéier déi Sue virstrecke missten déi si eis elo nees léine mussen? Fir datt mer nees monter weider konsuméiere kënne wéi virdrun. Sou wéi eis Regierung dat gären hätt. Et ass alt gutt datt d’Marketingsagence "Gëlle Kou", eiser Regierung eng Hand mat upäckt fir d’Problemer schéin ze rieden. Mëttelfristeg souere mer einfach mol weider op ganz héijem Niveau. Kris deLux eben. Et spillen: Rol Gelhausen, Pascal Granicz, Monique Melsen, Karin Seywert Texter: Rol Gelhausen, Jhemp Hoscheit Musek: Paul Dahm, Camille Nanquette Bühn: Anouk Schiltz Technik: Marc Georges Kostümer: Sylvie Hamus, Christine Kneip Coiffeur: Rose Strasser Affiche a Fotoen: Raymond Erbs