Centre Culture Régional
Dudelange opderschmelz

1a rue du centenaire
L-3475 Dudelange

04.04.2025

20h00
opderschmelz - Grand Auditoire

Ouverture des portes à 19h00

Prévente / Vorverkauf

20 € (+ FRAIS/VVK-GEBUHREN)

Caisse du soir /
Abendkasse

25 €

KULTURPASS: Entrée gratuite / Freier eintritt / Free Entry

  • LU
  • Schauspill - Laure Schreiner 

    Regisseur - Jemp Schuster

    Illustratiounen - Mélusine Mainville

    D’Alice am Verwonnerland

    Eng One-Woman Show

    Alice… pass op…du fäls! 

    Do, elo ass et geschitt! Elo ass et erof an dat däischtert Lach gefall. Erof, erof, an ëmmer méi déif erof. Hatt erwächt am Verwonnerland, engem Land dat sou verwonnerlech ass, dass een sech net méi brauch ze wonneren. Hei erlieft d’Alice seng ganz eegen, surreal Odyssee mat villen ënnerierdeschen Aventuren an deene verwonnerlechste Gestalten. 

    Dës fantasievoll an ausdrocksstaark One-Woman Show, geschriwwen an opgefouert vum Laure Schreiner, ënnert der Regie vum Jemp Schuster, beschäftegt sech mat der Situatioun vu jonke Mënschen, déi hire Wee an hir Plaz an der Gesellschaft sichen. Op eng humoristesch a satiresch Aart a Weis gi sozial a politesch Themen, wéi zum Beispill de „surrealen“ Immobiliëmaart zu Lëtzebuerg, déi richteg Beruffswiel, d'Léift an d’Roll vun der Fra duergestallt. 

    Grad ewéi de Walt Disney Zeechentrickfilm an dem John Tenniel seng original Illustratioune vum Alice's Adventures in Wonderland äis an eng aner Welt entféieren, esou gëtt och dës rasant a charmant Opféierung, duerch der Kënschtlerin Mélusine Mainville hir Illustratioune, bildlech ënnermoolt.