Acoustic Picncis
Matt „Acoustic Picnics“ kommen déi schéinsten Eegenschafte vun Diddeleng zesummen: De Naturpark Haard an déi eenzegaarteg Diddelenger Kulturlandschaft.
„Acoustic Picnics“ sinn Kënschtler.innen a Conferencieren, déi en eemolegen „unplugged“ Programm ubidden. D’Natur ass d’Bün, ouni Stroum a fossil Energien. An domat och ganz am Sënn vun engem bewossten Ëmgang mat der Ëmwelt, zesumme mat eiser „Zero Waste“ Politik an enger Picknick Offer aus regionale Produiten.
Acoustic Picnics ass en enkt, wéi och en exklusiivt Zesummespill tëscht Artist.in a Publikum mat Momenter fir ze danzen, nozedenken, ze sangen oder souguer ze meditéieren.
1) E roude Fuedem duerch de roude Buedem (Maskénada)
Malleus Maleficarium Versioun 2.2
“Malleus Maleficarium Versioun 2.2” ass e Lauschter-Trëppeltour zu Diddeleng op der “Haard”. Hei gitt där häerzlech invitéiert d’Stäerkt vun de Frae vun haut a fréier ze reflektéieren. Fir eng modern Hex si klassesch Rollebiller net vu Bedeitung. Fir si zielt just déi ënnerlech Stäerkt, d’Fräiheet ze soen an ze denken, wat och ëmmer si well an déi emotional Intelligenz. An dat geet just iwwert Selbstbestëmmung.
Op Basis vu verschiddenste Geschichten an Aussoe vu Fraen, déi säit hirer Gebuert zu Diddeleng liewen, presentéiere mär Äech eis Reflektioune ronderëm d’Bild vun der Fra.
2) Conférence du Centre de Documentation sur les migrations humaines (CDMH)