Regie: Claude Fritz
Dekoren: Jeanny Kratochwil
Beliichtung: Jang Krippler
Toun an Technik: Marcel Hamilius
Et spillen: Sharon Arendt
Nathalie Gira
Danielle Wenner
Pierre Bodry
Claude Fritz
Luc Lamesch
Den Théid gëtt al. An e gëtt zur Laascht fir d’ganz Famill. Bis den Théid enges Daags ophält mat schwätzen. Einfach esou. Ass en dement? Oder huet e soss eppes? Kee weess et. Mee et mécht déi ganz Saach net onbedéngt méi einfach. Op der anerer Säit: Et kann ee sech jo och eng Hëllef organiséieren. An do ginn et dach mat Sécherheet genuch jonk Fraen, déi grad als Flüchtling am Land sinn, déi sech iwwert e klengt Täschegeld freeën. Sou kënnt d’Afif an d’Haus. De Problem ass datt hatt offensichtlech weder Franséisch, nach Däitsch oder Englesch, a scho guer kee Lëtzebuergesch schwätzt. Mee wann den Théid jo och näischt méi seet, dann trëfft sech dat dach perfekt.
Dat neit Koméidistéck vum Raoul Biltgen beschäftegt sech domadder, wéi mat de Leit ëmgaange gëtt, déi op Hëllef ugewise sinn, déi Al an déi Friem. An datt esou munches wat ënnert dem Deckmäntelche vun der Nächsteléift gesot gëtt, näischt aneschtes ass wéi sech selwer d’Liewen esou einfach ewéi méiglech ze maachen. Do kann engem d’Laache scho mol am Hals stieche bleiwen. Mee wien als leschte laacht …
Kulturpass welkomm!