Chefin vun der Botzfirma, Conférencière Annette Schlechter
Theaterdirektesch, Carmen Yannchen Hoffmann
Don José Carlo Hartmann
Micaëla Ursula Thies
Escamillo Al Ginter
Morales Daniel Ruiz
Remendado Serge Losch
Dancaïro Claude Kraus
Frasquita Stéphanie Schlink
Mercedes Monique Biren
Zuniga Jean-Nico Schambourg
Flamenco Dänzerin Carmen Lloyd
Costumer, Ausstattung Yannchen Hoffamnn
Mise en scène, Bühnebild, Gesamtleedung Carlo Hartmann
Dem Georges Bizet seng romantesch Meeschteroper CARMEN steet op der Affiche.
D'Botzequippe vum Theater ass just nach am gaangen e puer lescht Stëbskäre vun der Bühn ze wëschen, wéi d'Direktesch erakënnt an dem Publikum matdeelt, datt d'Oper - wéinst enger Grippenepidemie ënner dem Sängerensemble - net gespillt ka ginn. Verschidde Spectateure reegen sech verständlecherweis op a wëllen hir Suen zeréck. Obwuel d'Chefin vun der Botzfirma ubitt, d'Virstellung mat hirer Equipe ze retten ("Oper kann dach net esou schwéier sinn...“), deelt d'Theaterdirektesch mat, datt zousätzlech och nach den Orchester am Streik ass!
Glécklecherweis ass vum Kannertheater virmëttes, esou eng Aart Dréiuergel op der Bühn stoe bliwwen an engem genësserlechen Operenowend steet also näischt méi am Wee.
Et fänkt grad esou bombastesch un ewéi am Original an hält grad esou tragesch op: zwee Doudeger (d'Carmen an de Stéier) an e ganze Koup séilesch schwéier Blesséierter.
Dir erlieft d'Versioun vun der OPERA DU TROTTOIR an de Kostümer vum Yannchen Hoffmann, mam Bühnebild an der Inzeenéierung vum Carlo Hartmann.