Centre Culture Régional
Dudelange opderschmelz

1a rue du centenaire
L-3475 Dudelange

18.02.2016

20h00
opderschmelz - Grand Auditoire

Ouverture des portes à 19h30

Kulturpass

Entrée libre / Freier Eintritt / Free Entry

Kulturpass

KULTURPASS: Entrée gratuite / Freier eintritt / Free Entry

Prévente / Vorverkauf

10 € (+ FRAIS/VVK-GEBUHREN)

Caisse du soir /
Abendkasse

15 €

KULTURPASS: Entrée gratuite / Freier eintritt / Free Entry

2 Tickets (18.2.+12.5.)

Prévente / Vorverkauf

15 € (+ FRAIS/VVK-GEBUHREN)

2 Tickets (18.2.+12.5.)

KULTURPASS: Entrée gratuite / Freier eintritt / Free Entry

De Pierre Puth war bis zu senger Pensioun d’Däitschprofesser am Lycée Robert-Schuman an ass do dernieft bis haut als Auteur a Journalist aktiv. Hien huet 15 Joer laang Televisiouns- a Radiossendunge gemaach. A leschter Zäit hält hie Virträg a Konferenzen iwwer kulturell a literaresch Themaen a mécht neierdéngs eemol am Joer e Cabaret-Programm.

De Paul Dahm ass mat Läif a Séil e Vollblut-Musiker. Bis 2009 wor hien als Saxophonist an der Militärmusek, deenen hir Big Band hie gegrënt huet. Hien hält Coursen zu Péiteng an der Museksschoul an huet 1993 d’Douanesmusek gegrënnt. Hien ass och als Komponist an Arrangeur aktiv a begleet musikalesch vill Cabaretsprogrammer an hien ass, um Piano an um Saxophon, och dem Pierre Puth säin attitréierte Begleeder.

De Pierre Puth an de Paul Dahm presentéieren d'Highlights aus hiren zwee leschte Spektakelen " Lëtzebuerg, de Lëtzebuerger" an "Lëtzebuerg net nëmmen de Lëtzebuerger". Iwwert de Nuebel vun der Welt bis bei "Mir wëlle bleiwen wat mir guer net sinn" gëtt et hei ze laachen an nozedenken iwwert d'lëtzebuerger Geschicht, eise Patrimoine an eis Traditiounen an engem Exkurs iwwer eis Identitéit - vum Grof Siegfried bis bei de Lex Roth a vun der Melusina bis bei d'Lea Linster.

Dësen Owend huet eng Suite an zwar den 12. Mee mam 3. Deel vun der Trilogie : "Onse Fuendel héich ze halen".