Centre Culture Régional
Dudelange opderschmelz

1a rue du centenaire
L-3475 Dudelange

03.03.2016

20h00
opderschmelz - Grand Auditoire

Ouverture des portes à 19h30

Entrée libre / Freier Eintritt / Free Entry

KULTURPASS: Entrée gratuite / Freier eintritt / Free Entry

Kulturpass

Entrée libre / Freier Eintritt / Free Entry

Kulturpass

KULTURPASS: Entrée gratuite / Freier eintritt / Free Entry

Erzielerin : Betsy Dentzer

Musek: Nadine Kauffmann um Saxophon a Nancy Schlammes op der Perkussioun

Eng Produktioun vum Betsy Dentzer, mat der Ënnerstëtzung vun de Chancëgläichheetsservicer vun Diddeleng a Beetebuerg

Staarker oder schwaacher; där, déi mat zwee Féiss um Buedem stinn oder awer där, déi op Wolleken danzen; där Gewëtzter oder där mat engem Briet virum Kapp, där diskreter oder där mat engem grousse Mondwierk; där, déi jiddereen em de Fanger wéckelen an nach där, déi nees opstinn, wann se mol op d’Nues gefall sinn... Där Frae ginn et vill verschiddener, an et wär falsch, fir se all an een Tirang ze raumen.

D’Betsy Dentzer, d’Nadine Kauffmann an d’Nancy Schlammes hunn sech sproochlech a musikalesch mat deene Weiber ronderëm geschloen, sinn an hir Welte gedaucht an hunn se fir Nolauschterer erausgefiizt. Eraus koum en humorvolle Geschichtenowend... net nëmme fir Fraen!


Dono offréiert de Chancëgläichheetsservice vun der Stadt Diddeleng e Patt!