Matt „Acoustic Picnics“ kommen déi schéinsten Eegenschafte vun Diddeleng zesummen: De Naturpark Haard an déi eenzegaarteg Diddelenger Kulturlandschaft.
„Acoustic Picnics“ sinn Kënschtler.innen a Conferencieren, déi en eemolegen „unplugged“ Programm ubidden. D’Natur ass d’Bün, ouni Stroum a fossil Energien. An domat och ganz am Sënn vun engem bewossten Ëmgang mat der Ëmwelt, zesumme mat eiser „Zero Waste“ Politik an enger Picknick Offer aus regionale Produiten.
Acoustic Picnics ass en enkt, wéi och en exklusiivt Zesummespill tëscht Artist.in a Publikum mat Momenter fir ze danzen, nozedenken, ze sangen oder souguer ze meditéieren.
The Visit - danse contemporaine
De lëtzebuergeschen Danzkollektiv LUCODA bitt mat „The Visit“ en Erliefnis aus (Kuerz)Film, digitaler Konscht an Danz-Performance. Hei kritt de Publikum d’Méiglechkeet sech op eng nei Siicht vun ausgewielten Uerter aus dem Süde vu Lëtzebuerg anzeloossen. Domat schéckt LUCODA seng Zuschauerinnen a Zuschauer op eng eemoleg Entdeckungsrees vun de verschidde Plaze mat hirer jeeweileger Geschicht. An dat duerch de kënschtleresche Filter vun Danz a Film.
Dëse Projet gëtt ënnerstëtzt vun Esch 2022 a vum TROIS C-L, vun der Stad Diddeleng a vun der Stad Esch-sur-Alzette, wéi och vun der Fondation indépendance by BIL a Re/Max Luxembourg agence immobilière.