Matt „Acoustic Picnics“ kommen déi schéinsten Eegenschafte vun Diddeleng zesummen: De Naturpark Haard an déi eenzegaarteg Diddelenger Kulturlandschaft.
„Acoustic Picnics“ sinn Kënschtler.innen a Conferencieren, déi en eemolegen „unplugged“ Programm ubidden. D’Natur ass d’Bün, ouni Stroum a fossil Energien. An domat och ganz am Sënn vun engem bewossten Ëmgang mat der Ëmwelt, zesumme mat eiser „Zero Waste“ Politik an enger Picknick Offer aus regionale Produiten.
Acoustic Picnics ass en enkt, wéi och en exklusiivt Zesummespill tëscht Artist.in a Publikum mat Momenter fir ze danzen, nozedenken, ze sangen oder souguer ze meditéieren.
Acoustic Picnic mam Roland Meyer an de Krunnemécken
D’Krunnemécke sinn en Akkordeonduo, déi bekannten a manner bekannte Stécker aus dem Lëtzebuerger Vollekslidderrepertoire interpretéieren.
Um Programm vum “Acoustic Picnic” stinn traditionell Lidder, awer och nei Kompositiounen an Texter, déi sech mam Liewen am, an um roude Buedem ausernee setzen.
Zesummen mam Auteur Roland Meyer erzielen d’Krunnemécke musikalesch Geschichten aus dem Minett, vu fréier an haut, vun Traditioun a Wandel, vu Freed a Leed, vum Ukommen an Heibleiwen, vum Mënsch a vun der Gesellschaft.