Centre Culture Régional
Dudelange opderschmelz

1a rue du centenaire
L-3475 Dudelange

23.04.2021

20h00
opderschmelz - Petit Auditoire

Ouverture des portes à 19h30

  • FR
  • DE
  • Dans le cadre du centenaire de la bibliothèque régionale de Dudelange. L'évènement se tiendra en luxembourgeois.

    Op Lëtzebuergesch, fir Erwuessener 
    Limitéiert Plazen, max. 24 Persounen, op Umeldung

    “Fréier war alles besser”, gëtt ëmmer nees gesot, dobäi war villes gutt wat hätt kënne besser sinn a villes war schlecht, well mir et net besser woussten. Et war eben anescht!
    “Glous” ass eng kabarettistesch Liesung aus enger Zäit ouni Handy a Computer, ouni Kreditkaart a Greta, dofir iewer mat Fräiheet a Gréisst. Mir si mëttes ouni Opsiicht an de Bësch gaangen an owes hu mir op der Strooss Football gespillt. A mir hunn et iwwerlieft. An der Schoul goufen et Punkten a Pouten a jiddereen huet gefëmmt.
    De Roland Meyer mécht sech mat vill hannerhältegem Humouer an onerwaartem Sproochwitz op d’Sich no enger verluerener Zäit, woubäi hien net ëmmer sécher ass, ob en net just nach ee poléiert Spigelbild dovun erbléckst an ob en se och wierklech erëmfanne wëllt. An trotzdem gloust et nach an eis bannenan, an eis all.
    Roland Meyer, 1963 zu Lëtzebuerg gebuer. Vu Beruff Schoulmeeschter, bestued, zwee Jongen. Hien huet d’“Theaterschoul” vum Educatiounsministère gegrënnt an 10 Joer laang geleet; schafft elo als IEBS. Hie schreift Bicher, Hörspiller, Zeitungsartikelen, Theater- a Cabaretstexter fir Kanner an och fir erwuesse Leit. Seng Bicher “Muedebëtzeg”, “Roughmix” an “Tel Mo” goufen ausgezeechent. Donieft och Musiker, Kabarettist a Regisseur. 2020 koum bei Op der Lay den Erzielband “Glous” eraus.
    Réservatioun: bibliotheque@dudelange.lu / Tel: 516121-250
     


    Nous sommes heureux de pouvoir vous accueillir à nouveau dans nos salles !
     
    Actuellement nos évènements se font dans le respect de mesures strictes de sécurité et d'hygiène. Ainsi, chaque visiteur aura sa place assise et le port du masque est obligatoire tout au long de votre visite. Nos évènements termineront au plus tard à 22h00 ce qui vous permettra de respecter le couvre-feu de 23h00.
     Afin d'assurer la distanciation sociale, il n'y aura qu'un nombre très limité de places disponibles. Nous vous recommandons donc de prendre votre place à l'avance.