Den Moie wou d’Emma sain12 Gebuertsdag soll féieren, steet hat op an freet sech schonn op säi Gebuertsdagskuch. Mee seng Elteren, a säi klenge Brudder sinn net do. Anscheinend si Sie an d’Vakanz, erzielt dem Emma, en Inspekter deen sech lues a lues an eng Méck verwandelt. Hien erkläert dem Meedchen och, dass hat ab elo ënner Arrest steet , an hien op hat wäert op passen.
Dëst Stéck inspiréiert sech um Kafka sengem Roman Prozess an ass eng Fabel iwwert de Freie Wëllen, an d’Hannerfroen vu Fakten déi scheinbar onuntaaschtbar sinn. D’Emma huet et sengem staarke Wëllen ze verdanken dass hat mat der Erfarung wiisst an entdeckt wat Freihéet ass.
Eng Bombyx Produktioun
Co-produktioun: opderschmelz, Rotondes , Cube 521
---
---
CovidCheck Info