Centre Culture Régional
Dudelange opderschmelz

1a rue du centenaire
L-3475 Dudelange

18.04.2013

20h00
opderschmelz

Ouverture des portes à 19h30

Prévente / Vorverkauf

10 € (+ FRAIS/VVK-GEBUHREN)

Caisse du soir /
Abendkasse

15 €

KULTURPASS: Entrée gratuite / Freier eintritt / Free Entry

Iwwersetzung an Adaptatioun: Fernand WATGEN

Regie: Jacqueline POSING-VAN DYCK
Dekoren: Anouk SCHILTZ
Et spillen: Sonja NEUMAN, Danielle WENNER, Pierre BODRY, Claude FRITZ, Raoul SCHLECHTER

D’Tonia an d’Marguy sinn entsat iwwert d’Tatsach dass all Dag alles méi deier gëtt am Supermarché. Zesumme mat deenen anere Fraen aus dem Quartier décidéieren si selwer d‘Präisser erofzesetzen. Wann et färdeg ass bezuelen se allerdéngs iwwerhapt net a plëmmen d’ganzt Geschäft. Doheem mussen se déi geklaute Wueren virun hire Männer, dem Jang an dem Lou, déi sech streng un d’Gesetzer halen, verstoppen. Wann d’Police ufänkt d’Heiser ze durchsichen, gëtt d’Situatioun ëmmer méi kriddlech. D‘Marguy verstoppt souguer en Deel vun der gestuelener Wuer ënnert sengem Mantel a behapt héichschwanger ze sinn. A well déi zwee och d’Elektrescht an de Gas um Enn vum Mount net méi kenne bezuelen, gëtt alles ofgeschalt an si sëtzen do ouni Geliits an den Uewen geet aus....

“BEZUELT GËTT NET“ ass e Kaméidistéck an eng Farce zugläich. Den Dario FO erzielt lachendes Monds vun der schwiereger Situatioun vun de klenge Leit, hire Problemer mat de Konsumpräisser, den onsécheren Arbechtsplazen an der Wunnengsnout.

Dem Dario FO säi Stéck, 1974 geschriwwen, ass deemno méi wéi aktuell.