Organiséiert vun den Diddelenger Geschichtsfrënn an Zesummenarbescht mam CCRD opderschmelz
De Virtrag vum Benoît Niederkorn befaasst sech mat de Monumenter vum 2. Weltkrich zu Lëtzebuerg mam Fokus op Diddeleng.
Säit 2020 huet de Musée National d’Histoire Militaire an enger Datebank all Monumenter am Land erfaasst. D’Zil ass nieft dem komplette Relevé mat alle primären Informatiounen an enger spéider Etapp och Biografien zu den eenzele Persounen, déi bspw. op de Monument aux morts stinn, ze erfuerschen a mam Monument ze verbannen.