Centre Culture Régional
Dudelange opderschmelz

1a rue du centenaire
L-3475 Dudelange

25.02.2025

15h00
opderschmelz - Grand Auditoire

Ouverture des portes à 14h45

KULTURPASS: Entrée gratuite / Freier eintritt / Free Entry

JEUNES

Prévente / Vorverkauf

10 € (+ FRAIS/VVK-GEBUHREN)

JEUNES

Caisse du soir /
Abendkasse

15 €

ADULTES

Prévente / Vorverkauf

15 € (+ FRAIS/VVK-GEBUHREN)

ADULTES

Caisse du soir /
Abendkasse

20 €

  • LU
  • D’Julie an den Aprikosejong 2024

    En Theaterstéck fir Kanner ab 6 Joer

    Produktioun & Koproduktioun - Théâtre du Centaure, Kulturhaus Niederanven, Kinneksbond Centre Culturel Mamer

    Text - Cosimo Suglia

    Regie - Daliah Kentges

    Assistenz - Laetitia Lang

    Mam - Mady Durrer, Magaly Teixeira, Luc Lamesch

    Bün & Kostüm - Anouk Schiltz

    Musik - Arthur Possing

    Theaterpädagogeschen Dossier - Laetitia Lang

    D’Julie ass e klengt Meedche mat enger grousser Leidenschaft fir eng ganz bestëmmte Fruucht: séiss, säftteg a samteg Aprikosen. Am Bësch, net wäit ewech vu sengem Doheem, sou heescht et, steet e ganz besonneschen Aprikosebam, dee gréisste vu senger Zort, mat deene beschten a schéinste Friichten, déi jee ee Mënsch gesinn huet. 

    Säi Papp awer huet dem Julie strengstens verbueden, an dëse Bësch ze goen, well, sou erzielen sech d’Duerfbewunner säit Joerhonnerten, der Doud do lauert.

    Mee well d’Julie gewinnt ass, dat ze kréien, wat et wëll, a well seng onmoosseg Gloscht him keen anere Choix léisst, schläicht hat sech enges Nuets heemlech eraus, fir dës eenzegaarteg Këstlechkeet ze schmaachen. An tatsächlech, déif am Bësch verstoppt, fënnt d’Julie e risege Bam, mat Aprikosen sou grouss wéi Melounen. Hat hat also, sou seet et sech, wéi ëmmer Recht. An et huet dëse Gedanken nach net richteg zu Enn geduecht, wéi et op eemol am Gebësch raschelt an e wonnerbaart klengt Wiesen ervir kënnt, dat dem Julie seng Virstellungskraaft bei wäitem iwwertrëfft…

    Ausgoend vu senger Kuerzgeschicht The Little Girl That Knew Better, (Les Cahiers Luxembourgeois Numéro 3, 2020) entwéckelt de Cosimo Suglia, deen 2021 mam Chrysalis Award, e Präis fir Nowuessschrëftsteller a spekulativer Fiktioun, fir Lëtzebuerg ausgezeechent gouf, zesumme mam Daliah Kentges en Theaterstéck fir Kanner ab 6 Joer.