Centre Culture Régional
Dudelange opderschmelz

1a rue du centenaire
L-3475 Dudelange

20.11.2023

20h00
opderschmelz

Ouverture des portes à 19h30

Entrée libre / Freier Eintritt / Free Entry

Den Zweete Weltkrich hëlt an der lëtzebuergescher Historiographie eng zentral Roll an. Et gouf a gëtt vill iwwert des Zäitperiod gefuerscht, déi am kollektive Memoire vu ville Leit ëmmer nach present ass. 

Iwwert d’Schicksal vun engem bestëmmte soziale Grupp, nämlech deem vun de Kanner, gouf relativ wéineg recherchéiert. An dësem Kontext dränge sech awer eng ganz Rei Froen op: wéi vill huet de Krich den Alldag vun de Kanner gepräägt? Wéi hunn d’Kanner dës Zäit erlieft a veraarbecht? Mat wéi enge Mëttelen hunn d’Nationalsozialiste versicht d’Kanner ze erfaassen a gläichzeschalten? Wéi erfollegräich waren d’Methode vun den Nazien?
D’Zilsetzung vun dësem Virtrag ass et ze ermëttelen, wéi eng Faktoren d’Liewe vun de Kanner wärend der Besatzungszäit beaflosst hunn a wéi eng Auswierkungen dës Period op si hat.