Centre Culture Régional
Dudelange opderschmelz

1a rue du centenaire
L-3475 Dudelange

03.07.2023

20h00
opderschmelz - Petit Auditoire

Ouverture des portes à 19h00

Entrée libre / Freier Eintritt / Free Entry

KULTURPASS: Entrée gratuite / Freier eintritt / Free Entry

  • LU
  • D’Industrialiséierung an de Grond- an Immobiliebesëtz zu Diddeleng (1824-1938). Schmelz, Wunnengen an Infrastrukturen: dofir brauch ee Land. An dovunner gouf ës méi wéi genuch ier d’Stolindustrie zu Diddeleng ukomm ass. Mee wiem huet et gehéiert? A wiem dono?

    De Virtrag vum Tiago Ferreira Flores befaasst sech mat der Entwécklung vun der Land- an Immobiliestruktur zu Diddeleng vun 1824 bis 1938. Baséierend op den Donnéeë vum Kadaster, ënnersicht hie wéi déi wirtschaftlech an demographesch Entwécklungen an der Stad d’Unzuel un Hausbesëtzer drastesch erhéicht huet, wéi d’Schmelz un den néidege Grondbesëtz fir hir Aktivitéit komm ass, a wéi déi al-etabléiert Familljen et trotz allem hikruten hire Grondbesëtz konzentréiert ze halen.

    Organiséiert vum CCRD opderschmelz a Les Amis de Dudelange et du Mont Saint-Jean