Centre Culture Régional
Dudelange opderschmelz

1a rue du centenaire
L-3475 Dudelange

11.08.2022

13h30
Parc Naturel Haard

Ouverture des portes à 13h15

27.08.2022

Entrée libre / Freier Eintritt / Free Entry

18.08.2022

Entrée libre / Freier Eintritt / Free Entry

11.08.2022

Entrée libre / Freier Eintritt / Free Entry

05.08.2022

Entrée libre / Freier Eintritt / Free Entry

  • FR
  • LU
  • Acoustic Picnics

    Matt „Acoustic Picnics“ kommen déi schéinsten Eegenschafte vun Diddeleng zesummen: De Naturpark Haard an déi eenzegaarteg Diddelenger Kulturlandschaft.

    „Acoustic Picnics“ sinn Kënschtler.innen a Conferencieren, déi en eemolegen „unplugged“ Programm ubidden. D’Natur ass d’Bün, ouni Stroum a fossil Energien. An domat och ganz am Sënn vun engem bewossten Ëmgang mat der Ëmwelt, zesumme mat eiser „Zero Waste“ Politik an enger Picknick Offer aus regionale Produiten.

    Acoustic Picnics ass en enkt, wéi och en exklusiivt Zesummespill tëscht Artist.in a Publikum mat Momenter fir ze danzen, nozedenken, ze sangen oder souguer ze meditéieren.

    Spillnomëtteg vir Kanner an Erwuessener

     Fir een Nomëtten vergiessen wien een am Alldag ass. Wéi al een ass, an ob dat wat ee grad mëcht wierklech sënnvoll ass, spillt déi puer Stonnen och keng Roll.

     Fir een Nomëtten einfach sinn, mat aneren Mënschen déi och kuerz lass loossen wëllen, an zesummekommen fir ze spillen. Ouni Gewënner an ouni Verléierer, ass eist eenzegt Ziel en faarwegen Nomëtten matenee ze verbréngen.

     Wärend féier Stonnen si mir op der Haart, an eng Geschicht gëtt virgelies.

    Awer net bis zu Schluss, wéi et weider geet dessidéiert dir.

     Zesummen versetzen eis an eng Welt déi mir gemeinsam mat Fantasie, Bengelen an faarwegen Saachen ausbauen an beliewen.

    Mol kann een deem bonten Dreiwen nokucken, dann baut ee vläicht selwer eppes, begéint engem Personnage, an eventuell huet een suguer selwer Loscht fir ee Moment an eng aner Roll ze schlüpfen?! Dat hänkt ganz vun ärem Charakter an ärer Loscht deen Dag of. Näischt muss, alles kann.

     Esou fill kann ech iech awer elo scho verroden: eppes z'iessen an eppes ze drénken kann op der Rees näischt schueden, an vläicht fält iech jo sos nach eppes an wat dir kéint matbréngen fir eis Geschicht ze beräicheren?!