Centre Culture Régional
Dudelange opderschmelz

1a rue du centenaire
L-3475 Dudelange

05.12.2019

20h00
Réserve Naturelle Haard

Ouverture des portes à 19h30

Prévente / Vorverkauf

15 € (+ FRAIS/VVK-GEBUHREN)

Caisse du soir /
Abendkasse

20 €

KULTURPASS: Entrée gratuite / Freier eintritt / Free Entry

Prévente / Vorverkauf

15 € (+ FRAIS/VVK-GEBUHREN)

Caisse du soir /
Abendkasse

20 €

KULTURPASS: Entrée gratuite / Freier eintritt / Free Entry

Ben Claus, Akkordeon, Gesang

Eric Falchero, Akkordeon, Piano, Gesang

Luc “Gig” Guillaume, Gittar, Gesang

Misch Guillaume, Gittar, Gesang

Zwee exklusiv lëtzebuerger Lidderowender an eiser DudeLounge! D’Plaze si wéi ëmmer limitéiert, dofir sëchert Iech séier Är Ticketen.

D’Krunnemécke sinn zwee lëschteg Panzpianisten, déi sech selwer als Stroossemuseker verstinn. Si sinn op ville Volleksfester uechter d’Ländchen ënnerwee a ginn hir lëtzebuerger Lidder tëscht a mat de Leit zum Beschten.

Heiansdo zitt et si awer och op eng Bühn. Nieft de méi bekannte Stëmmungslidder kënne si hei och méi roueg, nodenklech Stécker spillen. Fir de Concert „op der Schmelz” hunn d’Krunnemécken d‘Gebridder Guillaume invitéiert. Déi zwee Museker Luc „Gig“ an Misch sinn als Sänger a Gittariste mat hirem Orchester „Dëppegéisser“ ville Leit bekannt. Um Programm sti nieft bekannte Klassiker aus dem lëtzebuerger Lidderepertoire och e puer méi rar Pärelen souwéi nei Stécker, déi extra fir dësen Owend geschriwwe goufen.

Kommt, lauschtert a sangt mat den zwou Krunnemécken Claus Ben an Eric Falchero.