Centre Culture Régional
Dudelange opderschmelz

1a rue du centenaire
L-3475 Dudelange

12.11.2017

17h00
opderschmelz - Grand Auditoire

Ouverture des portes à 16h30

Jugendlicher + Studenten

Prévente / Vorverkauf

5 € (+ FRAIS/VVK-GEBUHREN)

Jugendlicher + Studenten

Caisse du soir /
Abendkasse

5 €

Jugendlicher + Studenten

KULTURPASS: Entrée gratuite / Freier eintritt / Free Entry

Prévente / Vorverkauf

10 € (+ FRAIS/VVK-GEBUHREN)

Caisse du soir /
Abendkasse

10 €

KULTURPASS: Entrée gratuite / Freier eintritt / Free Entry

D’ Chorale St.Martin gëtt begleed vum Adrien Theato um Piano

D’ Direktioun hunn Monique Biren-Kettel a Simone Schalz–Kirsch     

Virverkaf ab dem 16.10.2017 vun 18-20 Auer um Tél. 691 976 222

D’Chorale St. Martin ass 1937 vum Ketty Lang an dem Kaploun Felix Schuller gegrënnt ginn. An der „Chorale des Jeunes Filles“ hunn nëmme jonk Meedercher oder onbestuete Fraen dierfe matsangen.

De 5. September 1963 ass den 1. Comité gegrënnt ginn, mam Ketty Lang als Presidentin. An d’Chorale krut och hiren éischte Fändel.

Well am Laf vun deene Joren aus deene jonke Meedercher, stänneg Damme gi sinn, ass 1986 beschloss gi „Chorale des Jeunes Filles“ ëmzebenennen, an zwar nom kierchleche Patréiner dem hellege Martinus a „Chorale St. Martin“.

Zahlreich Dirigentinnen an Dirigenten hunn Chorale iwwert all déi Jore begleet, ugefaange mam Felix Schuller an der Joffer Ketty Lang, dem d’Lucie Lang an dem Nancy Back-Kelsen, duerno dem Marcel Hinger, dem Marie-Paule Schmoetten an dem d’Josiane Fanck-Stephany.

Vun 2009 un sinn et 2 Dirigentinnen - Monique Biren-Kettel a Simone Schalz-Kirsch – déi d’Chorale leeden.

Der Chorale hier éischt Aufgab ass et d’Massen an der Kierch souwéi all Feierdeeg, wei Chrëschtdag, Ouschteren asw. mat hirem Gesang ze verschéineren.

Dënn rengen Dammechouer zielt am Moment 35 Sängerinnen.

Si prouwen all Donneschdeg am Veräinshaus zu Diddeleng a proposéierem regelméisseg Concerten.

Dëst Joer, zur Geleeënheet vum 80ten Jubiläum, luet d’Chorale a fir en extraschéine Programm mat Lidder vu gëschter bis haut, vu verschiddene Lëtzebuerger Komponisten : Lentz - Eiffes - Menager … e klassesche Repertoire vu Mozart, Strauss, Verdi, Wagner a méi poppeg Lidder vu Comedian Harmonist, Abba, Constantin Wecker, Lloyd Webber …..