Et spillen Danielle Wenner, Pierre Bodry, Claude Faber a Marcel Hamilius
Regie an Dekoren: Claude Fritz
Beliichtung: Jang Krippler
Witzegt Kaméidistéck vum Roland Kalté, deen sech iwwert d’Antenn vun RTL en Numm gemach huet, mat senger witzeg-ironesch an intelligenter Art a Weis wéi hien eisen Alldaag parodéiert.
Et ginn ëmmer déi eng an déi aner. Mir sinn déi eng, an déi aner, - tjo – dat sinn eben déi aner.
Déi eng sinn déi gutt, déi aner sinn... anescht. Mir gehéieren natierlech zu deenen engen. Gottseidank! Mir, déi – ouni Zweifel gutt Mënschen - a si, déi anescht si wéi mir. Well Schold un allem sinn dach ëmmer déi aner, oder?
Stellt sech d’Fro: Gesinn déi aner dat och esou? Wat hale si vun deenen engen? Oder menge si éieren, si wieren déi eng, a mir wieren déi aner?
Dat kann dach net sinn, oder? Oder si mer déi eng an déi aner?
4 Strummerten an der Stad an hirer Welt maache sech esou hir Gedanken. Si si déi eng oder déi aner? Leie se falsch, well s’anescht sinn, oder awer vläicht méi richteg wéi déi „normal“ Gesellschaft? Ob een an deem Theaterstéck d’Äntwert fënnt, ass ongewëss, mee t’gëtt een awer bestëmmt op eng lëschteg Aart a Weis e bëssen un d’Nodenke bruecht. Wann déi eng kucken an déi aner spillen. Oder sinn et déi eng, déi spillen an déi aner, déi kucken?
Kulturpass wellkomm!