Centre Culture Régional
Dudelange opderschmelz

1a rue du centenaire
L-3475 Dudelange

26.06.2016

17h00
opderschmelz - Grand Auditoire

Ouverture des portes à 16h30

Prévente / Vorverkauf

10 € (+ FRAIS/VVK-GEBUHREN)

Caisse du soir /
Abendkasse

15 €

KULTURPASS: Entrée gratuite / Freier eintritt / Free Entry

Et spillen mam Mars KLEIN: 

D’Véronique KINNEN. Si huet vill Rollen aus dem Dicks séngen Operette gesongen. 2014 d’Zauberin Armida an der Oper „Rinaldo“ vum Händel. 2015 an der Museks-Revue „Frou-Frou“, ënner der Régie vum Claude Mangen.

D’Sabine ROSSBACH. Zënter 2012 ass d’Schauspillerei hire Beruff. Rolle fir Film, Televisioun a Bühn huet se op Däitsch, Englesch, Franséisch aLëtzebuergesch gespillt.

De Rudi SCHUBERT. Hien huet Pianos-Concertë ginn fir d’Jeunesses musicales. Musikalesch Radiospiller fir Kanner geschriwwen, Lieder a Chansonën komponéiert.

E litterarische Galopp op zee a véier Been

Tëscht 1978 an 1982 huet de Mars Klein als Solo-Kabarettist en interessanten Deel bäigedroen zu der satirescher Litteratur zu Lëtzebuerg. No laanger Bühne-Paus huet en 2012 mam Claude Mangen a Rudi Schubert de Spektakel Adel braucht Tadel - Republikanesch Texter vom 18. Joerhonnert bis haut am Mierscher Kulturhaus gespillt.

Elo gouf mat engem neien Ensembel e Programm mat klasseschem Kabarett vun däitschen a lëtzebuergeschen Auteuren zesummegestallt: vun Heinrich Heine bis Roger Manderscheid, Kurt Tucholsky bis Mars Klein, an enger Dosen aneren Auteuren.

Prosa, Gedichter, Chanson, Zeenen - et geet vu sériöser Réflexioun bis witzegt Spill. Eescht an Humouer, nodenkleche Feuilleton a Satir wiesselen of. Villes dovunn gët gesongen.

Am éischten Deel Wee raaft? Wee schaaft? gët e Gesellschafts-Bild vum Adel iwer d’Bourgeoisie bis bei déi sougenannt kleng Leit gezeechent. Den zweeten Deel Mann a Fra: Er(r)otika weist Varianten vun der Léift: den Enthusiassem, de Realissem, d’Frivolitéit, d’Onsériösitéit, d’Verspilltheeet, en Niëwen- aplaz Mat-Enaner.

Datt et och Texter gët iwer d’Päerd - mat erstaunlechen Änlechkeete mat eis Mënschen - dat steet jo am Titel vum Spektakel.