6 Diddelenger oder mat Diddeleng staark verbonnen Persounen schwätzen zu engem Diddelenger Sujet deen hinnen besonnesch um Häerz léit an iwwert deen si recherchéiert hunn. Si erzielen eis Geschichten déi eist Wëssen iwwert d'Geschicht vun eiser Stad wäerte kompletéieren. Du bass nëmmen vun Diddeleng wann de weess, dat ... ass de Motto vun dësem Cycle vun Konferenzen. Mir freeën eis allerhand gewuer ze ginn iwwer eis Stad.
Dënschden 2. Februar - Alex Bodry : De Kräizbierg, seng Geschicht a seng Awunner
Dënschden 15. Mäerz - Nadine Geisler : Diddeleng : Nimm vun Stroossen, Nimm vun Fraen
Dënschden 26. Abrëll - Laura Caregari : D'Geschäftswelt zu Diddeleng – Geschicht an Evolutioun
Dënschden 10. Mee - Antoinette Reuter : Jüdesch Präsenz zu Diddeleng
Dënschden 28. Juni - Lucien Blau : Sozialgeschicht vun den Diddelenger Fussballveräiner vu fréier an haut
Dënschden 27.September - Claude Kugeler: De Militärkierfecht um Gehaansbierg
Réservation : Ange Klein
T.516121-811 - ange.klein@dudelange.lu
Conférence 10€ - Cycle 6 conférences 35€