Centre Culture Régional
Dudelange opderschmelz

1a rue du centenaire
L-3475 Dudelange

14.01.2016

20h00
opderschmelz - Grand Auditoire

Ouverture des portes à 19h30

Kulturpass

Entrée libre / Freier Eintritt / Free Entry

Kulturpass

KULTURPASS: Entrée gratuite / Freier eintritt / Free Entry

Prévente / Vorverkauf

15 € (+ FRAIS/VVK-GEBUHREN)

Caisse du soir /
Abendkasse

20 €

KULTURPASS: Entrée gratuite / Freier eintritt / Free Entry

Roll Gehausen

Jay Schiltz

musikalesch Begleedung vum Paul Dahm an Christophe Reitz

Politesch satiresche Réckbléck op d’Joer 2015

Nodeems de Roll Gelhausen an de Jay Schiltz am Laf vum Joer hiren eegenen, ironeschen a sarkastesche Bléck op déi eenzel Méint, a Form vun enger kabarettistescher Liesung presentéiert hunn, kucken si elo zesummen zréck op d’Joer 2015.

Kommt lauschteren op si déi Saachen mëttlerweil verdaut hunn, déi Iech tëscht Januar an Dezember um Mo louchen.

Oder wësst der schonn net méi wat am Laf vum Joer alles esou lass war?

De Roll an de Jay hëllefen Iech op d’Spréng. Well si hunn d’Schlagzeilen genee verfollegt. Dag fir Dag a Mount fir Mount hu si d’Zeitungen duerchgebliedert an och tëscht den Zeile gelies. Si hu Radio gelauschtert, och wann et heiansdo war fir e Schwier an d’Ouer ze kréien, a si hunn d’Tëlee gekuckt, a ware frou, wann hinnen endlech d’An zougefall sinn, bei all deem Misär deen se do hu missen nokucken.

Mä egal, si hu sech fir Iech dat ganzt Joer laang kristillegt an si bréngen et fäerdeg, datt engem d’Laachen awer net vergeet, wa si elo de Point maachen, vun deem wat si dëst Joer erlieft hunn an déi journalistesch Pointen vun 2015 mat musikalescher Begleedung Revue passéiere loossen.