Erzielconcert fir Kanner vu 5 bis 10 Joer
Langue: Lëtzebuergesch
Durée: 40 min.
Mam:
Dan Tanson Conceptioun, Text an Erzielung
Markus Brönnimann, Flütten
Vincent Biwer, Illustratiounen
Alexandra Lichtenberger, Kostüm
Produktioun: Chantier Mobile asbl
Koproduktioun: Philharmonie Luxemburg
Eng So vun de Grimm Bridder an der eng Flütt d'Haaptroll spillt.
De Ratefänkert vun Hameln ass eng spannend Mëschung aus der originaler Geschicht a live Musek.
Den Dan Tanson huet d’Geschicht selbstverständlech an engem zäitgenësseschem Mäntelchen iwwerschafft a ganz vill Situatiounswitz agebaut. Sou kéint Hameln am TRAFFIK THEATER hirer Versioun genee esou gutt zu Lëtzebuerg leien a weist och Ähnlechkeete mam lokalpolitesche Colorit op. Esou mécht den Text de Kanner, ma genee esou den Erwuesse vill Spaass. An et sinn och dem Vincent Biwer seng androcksvoll Illustratiounen (virun allem déi vun de Raten) déi vill Spaas + Spannung verspriechen.
Ganz flott ass et och dass de Markus Brönnimann un der Flütt fir de Projet gewonne konnt ginn. De Markus Brönnimann ass zanter 1998 Soloflütist am OPL a spillt a sëlleche Kammermusek-Orchesteren sou wéi e.a. den Ensemble Pyramide vun Zürich. Hien huet an Zesummenaarbecht mam Dan Tanson eng staark Musek erausgesicht, engersäits aus der aler Musek ma och aus der zäitgenëssescher Museksliteratur. Sou spillt hien Extraite vu Marin Marais, Ferenc Farkas, Honegger an Hindemith.