Centre Culture Régional
Dudelange opderschmelz

1a rue du centenaire
L-3475 Dudelange

11.07.2014

20h00
Parc Le'h

Ouverture des portes à 19h00

1 Day Ticket / 1 Owend

Prévente / Vorverkauf

20 € (+ FRAIS/VVK-GEBUHREN)

1 Day Ticket / 1 Owend

Caisse du soir /
Abendkasse

25 €

1 Day Ticket / 1 Owend

KULTURPASS: Entrée gratuite / Freier eintritt / Free Entry

Summerstage Pass

Prévente / Vorverkauf

35 € (+ FRAIS/VVK-GEBUHREN)

Summerstage Pass

Caisse du soir /
Abendkasse

35 €

Summerstage Pass

KULTURPASS: Entrée gratuite / Freier eintritt / Free Entry

SERGE TONNAR & LEGOTRIP

Serge Tonnar: Gitar, Gesang
Eric Falchero: Tasten, Gesang
Rom Christnach: Bass, Gesang
Misch Feinen: Schlogezei, Gesang

DE LÄB

De Corbi: Raps + Beats
David Fluit: Raps, Cuts + Beats
Lomki: Live-DJ + Cuts
René "Däiwelskärel" Macri: Bass
Mike "Blueprint aka Maîtrenom" Zweyer: Drums

SERGE TONNAR & LEGOTRIP

De Serge Tonnar a säin Orchester Legotrip kommen dem Ländche kräfteg de Marsch blosen. Den Hämmelsmarsch. Dat ass den neien Danz dee weltwäit verbreet ass, méi wéi den Harlem Shake, et schwätzt just keen dervun. Et ass de Marsch vun enger Welt, wou e Krich am gaang ass, et awer just nach kengem opgefall ass, well ee keng Schëss héiert a keng Bomme gefall kommen. E Krich, wou d'Zaldoten net wëssen dass se Zaldote sinn, a wou et um Schluechtfeld no Chanel a Lacoste richt. An d'Resistenz, déi hei an do mol kuerz opflaamt, gëtt einfach ignoréiert oder diskreditéiert, op alle Fall ass se zimlech muechtlos, well d'Maschinn leeft einfach weider an en Enn vum Krich ass nach net a Siicht.

Ëm dëse Krich geet et am Serge sengen neien Texter vum Album "Hämmelsmarsch", awer och em aner kleng a grouss Kämpf, wéi déi kulturell Resistenz vun de Propheten am eegene Land ("Lokalmatador"), de Krämpche mam eegene Bobo ("'T deet sou wéi fir ech ze sinn") oder dem Brutzelen an der Mainstreamhell ("Den Hit op RTL"). Dëse lëschteg-makaberen Ofgesang geet musikalesch vum Marsch iwwert den Cha Cha Cha bis bei déi balkanesch Kläng aus dem ëstlechen Uelzechtdall.

Serge Tonnar:          Gitar, Gesang
Eric Falchero:           Tasten, Gesang
Rom Christnach:     Bass, Gesang
Misch Feinen:          Schlogezei, Gesang

DE LÄB

“de läb” ass e lëtzebuergeschen Hip Hop Grupp, deen am Joer 2006 vun 3 jonke Minettsdäpp gegrënnt gouf. De Corbi (raps + beats), den David Fluit (raps, cuts + beats) an de Spenko (beats + cuts). Leider huet de Spenko sech missen op seng Studie konzentréieren, sou dat se ganz séier de Lomki (live-DJ + cuts) adoptéiert hunn. Sou verkierpere Sie scho säit Jor'en gekonnt a mat engem gudden Hauch Ironie déi „nei Schoul“, dëst mat der Astellung vu gëschter, a presentéiere sech funky-fresh a mat enger gesonder Portioun Humor. Am „Läb-Keller“ gëtt ausschliisslech op Lëtzebuergesch gedicht, dëst iwwert déi verschiddenst Themen. Vu Politik iwwert de lëtzebuergeschen Alldag bis hin zu méi perséinleche Sujete gëtt alles ënnert d’Lupp geholl an an der Läb- Sprooch analyséiert an interpretéiert. Hir Musek vermëttelt dem Nolauschterer net nëmme gutt Laun, mä och deen een oder deen anere Message fir nozedenken an engem mol méi melancholeschen Ambiente.

"de läb" ass eng richteg Liveband, déi hire Public gäre matrappt an dozou zwéngt, matzefeieren. A fir de Live-Effekt ze verstäerken, hunn se säit 2010 an hir Live-Show och richteg Instrumenter erabruecht, dëst mam René "Däiwelskärel" Macri un der Bass a mam Mike "Blueprint aka Maîtrenom" Zweyer un der Drum. Natierlech spiert een de Live-Sound och ganz gutt op hiren 2 Albumen erëm. Si hu mëttlerweil vun der klengster Bistro's-Théik bis zu gréissere Bühnen d'Land onsécher gemaach. Virgrupp ware se scho fir KRS-One, IAM, Guru's Jazzmatazz (Gang Starr – RAF Guru), Talib Kweli (Black Star, Reflection Eternal), Thomas D (Fanta 4), Yarah Bravo, The Electric feat. DJ Vadim, Dan le Sac vs. Scroobius Pip, Bauchklang, asw.

No zwou EP's („D'Wourecht EP“ 2007 a „Dee mat der Kaz danzt EP“ 2009) huet 2011 hiren éischte Long Player Dagesliicht erbléckt, mär schwätze vum Album „D'Stëbslong“, wou definitiv en groussen Erfolleg konnt feieren. 2013 hunn se dann hiren 2. Opus mam Titel „Sex, Drugs an e Prêt“ gebuer, mat ville spezielle Gäscht an neien Aventuren aus dem „Läb-Keller“. Lo hunn se sech erëm zeréckgezunn an hire Läbkeller fir nächste Wanterschlof, mär si gespaant wat als nächst um Plackenteller vun hinne läit.

Also eppes ass sécher: "de läb" ass mëttlerweil net méi aus der Lëtzebuerger Musekszeen ewechzedenken an et dierft ee gespaant sinn, mat wat se hiren Nolauschterer an Zukunft nach d’Ouer masséiere wäerten.

by Lisa "la chatte" Keiffer

******

Menu spécial « Summerstage » - 70€ (ticket inclus)

Infos: Tél. (+352) 51 99 90
www.restaurant-parcleh.lu