Musek : Francis Poulenc: L’Histoire de Babar, le petit éléphant an Auszich vun de Villageoises pour piano 1933 (Valse tirolienne, Stakkato, Coda).
Text : Jean de Brunhoff
Chantal Levie: Piano
Christophe Morisset: Konzeptioun - Bühnebild - Schieter a Spill
Dan Tanson: Konzeptioun, Erzielung, Schieter, Spill
Realisatioun: Traffik Theater Luxemburg
Produktioun: Philharmonie Luxembourg, Chantier Mobile a.s.b.l.
Koproduktion: Kulturhaus Niederanven, CCRD opderschmelz, GC De Kroon Brussel
Merci : Cie du Cuivre, Théâtre du tilleul, Michel Boulanger, GC de Kriekelaar, GC Essegem.
Matt der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture, Ministère de l’Éducation nationale et de la Formation professionnelle/SCRIPT
Den TRAFFIK THEATER Luxemburg, produzéiert am Februar 2013 den Erzielkonzert "D’Geschicht vum BABAR, de klengen Elefant" di berühmt Geschicht vum Jean de Brunhoff mat der Musek vum geniale Francis Poulenc.
D’Geschicht erzielt d’Abenteuer vun engem klengen Elefant, de Babar, deen an di grouss Stad leeft nodeems seng Mamm vun der Jeeër erschoss gouf. Hei begéint hien enger Fra, déi all seng Wënsch vun de Lëpsen ofliest. Hie léiert Auto fueren, Kuch iessen an huet iwwerhaapt vill Frënn. Ma hien verlaangert awer souvill dass et net laang dauert, an hien zeréck bei d’Elefante wëll. A wat do geschitt verrode mer elo net.
Den Ausgangspunkt vum Projet ass di eenzegaarteg Musek, déi de Poulenc 1945 geschriwwen huet. Eng Musek déi Biller entstoe léisst an an där vill Poesie stécht. D’Verzauberung an d’Kraaft vum Schiettheater huet dem TRAFFIK THEATER hei ideal geschéngt fir di delikat Musekswelt a Biller ëmzesetzen. Esou huet d’Cie dem Babar seng Abenteuer, déi 1931 vum Jean de Brunhoff opgeschriwwe goufen an d’Ästhetik vum ‘Art Deko’ gesat, fir esou d’Geschicht am Charme vum engem ‘Entre Deux Guerres’ otmen ze loossen. D’Verbindung vun de Schieter mat der Musek léisst esou d’Sensibilitéit an d’Zäertlechkeet vun dëser dach origineller Geschicht spierbar ginn.
Méi wéi 80 Joer no senger éischter Publikatioun, begeeschtert de Babar nach ëmmer Kleng an Grouss mat senger Poesie an der Kraaft vun der Musek.