Centre Culture Régional
Dudelange opderschmelz

1a rue du centenaire
L-3475 Dudelange

25.10.2011

20h00
opderschmelz

Ouverture des portes à 19h30

„Am Bësch“ ass e Stéck Literatur mat Jazz. D’Basis ass dem Guy Rewenig säi Roman (erauskomm ënnert dem Pseudonym Tania Naskandy), eng pechschwaarz, melancholesch a streckeweis grotesk Geschicht vun zwee Ex-Prisonnéier, déi nees am normale Liewe Fouss faasse wëllen. Aus dësem Text, deen d’Literaturkritik an héchsten Téin gelueft huet, ass eng Collage entstan, déi sech un der musekalesch-rythmescher Struktur vum Guy Rewenig senger Schreifweis inspiréiert. „Bläcky Nero Gäng“ hunn de Guy Rewenig, Jitz Jeitz a John Schlammes hiren Trio genannt. Dat ass an éischter Linn en Hommage un de Festival „Touch of Noir“, awer och e Projet fir weider Experimenter mat Literatur an Jazz. Hei ass d’Musek net einfach en dekorativt Element, mee si verschmëlzt praktesch mam Text, an ëmgedréint. Wien „Am Bësch“ lauschtere kënnt, soll sech drop astellen, datt hie wierklech pechschwaarz Momenter erlieft. Dat verhënnert awer net, datt et hei och ëm „schwaarzen Humor“ geet, also ëm d’Komik, déi aus der Verzweiwlung kënnt. //