Centre Culture Régional
Dudelange opderschmelz

1a rue du centenaire
L-3475 Dudelange

02.07.2010

20h00
opderschmelz

Ouverture des portes à 00h00

"Nipple Jesus" ass eng vu ville Kuerzgeschichten, mat deenen de Schrëftsteller a Popkritiker Nick Hornby international vill Erfolleg huet. MASKéNADA huet doraus en Theaterstéck fir eng Persoun gemaach, op lëtzebuergesch, mam Serge Tonnar an der Solo-Roll, ënnert der Leedung vum Marion Rothhaar. An an der Iwwersetzung vum Jean-Michel Treinen gëtt eppes direkt klor: "Nipple Jesus" ass en Text, dee wéi d'Fauscht op d'An op d'Verhältnis vun de Lëtzebuerger zur Konscht passt. Et geet em den Dave, e Rausschmeisser an enger Disco, deen ob eemol Gardien an enger Konschtgalerie gëtt. Em seng Relatioun zu engem Bild, em d'Gedanken déi e sech driwwer mécht, an em d'Reaktioune vun de Leit op d'Bild. Well "Nipple Jesus" ass e richtegt "Skandalbild", an d'Evenementer ronderem sinn dramatesch. Den Nick Hornby denkt wéi e Philosoph a schreiwt héich Konschtphilosophie an der Sprooch vun engem englesche Skinhead. "Nipple Jesus" ass gläichzäiteg philosophesch, romantesch, a virun allem… onwahrscheinlech komesch.