Claudine Muno, compositions, guitar, vocals
Thierry Kinsch, guitar
Jamie Reinert, guitar, pedal steel
& Guests
Special Guest: Lisa Henn
Lisa Henn, vocals
Fred Barreto, guitar
Alles wat ech kann ass sangen
ech hänke Wierder hannerteneen
a wann ech dee richtegen Toun net fannen
dann huelen ech eben deen, dee grad kënnt
Ech drécken Tasten, zéie Säiten
heiansdo zidderen ech esou vill
dass ech och emol derniewend gräifen
ass dat da scho Gefill?
UPDATE
Et deet eis immens Leed, z’annoncéieren, dass mir leider fir déi zweete Kéier de Concert mussen annuléieren.
Ganz laang hate mir gehofft, dass et méiglech wier a mir soen och virun allem der Ekipp vum Centre Culturel opderschmelz villmools Merci fir all hir Méi, mee déi sanitär Situatioun bréngt op eiser Säit esou vill onerwaart Problemer mat sech, déi een sech ni hätt kënne virstellen an déi eis dorunner hënneren, dëse Concert ze spillen, op dee mir eis zënter Februar gefreet haten.
Mir soen och iech e grousse Merci an entschëllegen eis fir déi vill Onannehmlechkeeten, déi dës Annulatioun mat sech bréngt.
Well d’Situatioun esou oniwwersiichtlech ass, wëlle mir de Concert net nach eemol verleeën, mee iech ubidden, ären Ticket rembourséieren ze loossen. Alternativ kënnt dir awer och den Ticket zeréck un de Centre Culturel opderschmelz schécken an dir kritt dann als kleng Kompensatioun de personaliséierten Album zougeschéckt.
Dofir schéckt einfach Ären physeschen Entréesticket mat Ärer Adresse un:
Ville de Dudelange
Service Culturel
B.P. 73
L-3401 Dudelange
Fir déi Leit déi een Entréescode kruten, do geet et och per Mail (Adresse net vergiessen): culture@dudelange.lu
Mir soen iech villmools Merci fir de Versteesdemech an entschëllegen eis fir dës onglécklech Situatioun.
Mat beschte Gréiss an hoffentlech awer bis geschwënn eng Kéier,
Claudine
---
Léif all,
Mir haten eis immens gefreet, fir de 5. Februar mat iech zesummen eis Release ze feieren – leider war dat aus perséinleche Grënn an deem Moment einfach net méiglech.
E grousse Merci dofir virun allem un den John Rech an d’Ekipp vun opderschmelz, déi eis erméiglecht hunn, de Concert kuerzfristeg ze verleeën a Merci och un iech all fir de Versteesdemech an un déi léif Message vu ville vun iech. Dofir wier et ëmsou méi schéi fir eis, wann dir en Dënschden, den 29. September 2020 nach eemol um Rendezvous wiert, wa mir de Releaseconcert am Centre culturel opderschmelz nohuelen.
Claudine Muno
Bei dësem Concert wäerte Säite gezu ginn an Taste gedréckt, et gëtt esouguer op Tromme geschloen! Lidder ginn op englesch a lëtzebuergesch gesong, iwwer Wichteges oder Niewesächleches, heiansdo och einfach nëmmen iwwer Fussball. Dir kënnt dës Lidder herno och an engem klenge Buch mat heem huelen, wat bei Op der Lay erauskënnt.
Komponéiert an opgeholl goufen d’Titele vum Claudine Muno, op der Bühn gëtt hatt ënnerstëtzt vum Thierry Kinsch an Jamie Reinert, an enger ganzer Rei vu musikalesche Gäscht, déi bei der Release derbäi wäerte sinn.
Déi franco-lëtzebuergesch Sängerin Lisa Henn invitéiert hire Public an hiren intimisteschen Universum aus Folk an akustesche Lidder. Zesumme mam Gittarist Fred Barreto presentéiert d’Sängerin mat der zarter Stëmm e Moment voller Emotioun a Sensibilitéit.
***
Pour ce concert, les cordes, claves et même les tambours se feront entendre ! Claudine Muno présentera son nouvel album, dont les chansons luxembourgeoises et anglaises parleront d’événements majeurs et mineurs de la vie, ou parfois simplement de foot. Après le concert, vous pourrez les emmener chez vous dans un petit livre édité par Op der Lay. Claudine Muno, qui a composé et enregistré toutes les œuvres, sera accompagnée sur scène par les guitaristes Thierry Kinsch, Jamie Reinert et une panoplie de musiciens invités.
Lisa Henn, jeune chanteuse franco-luxembourgeoise, plongera son public dans un univers intimiste aux sonorités folk et acoustiques. Accompagnée du virtuose Fred Barreto à la guitare, elle vous invite à partager un moment d’émotions autour d’une voix tendre et remplie de sensibilité.