Centre Culture Régional
Dudelange opderschmelz

1a rue du centenaire
L-3475 Dudelange

11.12.2008

20h00
opderschmelz

Ouverture des portes à 19h00

Produktioun Société Théâtrale Municipale „Escher Liewensfrou“ a.s.b.l. an Escher Theater Regie Paul CHRISTOPHE Et spillen: Allan FELIX Marc BAUM Linda CHRISTIE Brigitte BINTZ Dick CHRISTIE Marc WEIDERT BOGART Pierre LORANG Nancy Marie-Jeanne JACOBS Sharon LAKE Josiane ZBINDEN Dram-Sharon a Vanessa Lynn CECCOTTO Go-go Girl Frank WIES Dat Intellektuellt Suzette SCHNEIDER Gina a Barbara Bianka PETROV D’Société Théâtrale Municipale „Escher Liewensfrou“ presentéiert an enger Coproduktioun mam Escher Theater Den Allan Felix, Kinobegeeschterten a Filmkritiker, huet grad eng Scheedung hannert sech déi hien zimlech matgeholl huet. Hien ass esou niddergeschlo, datt hie just nach a senger Wunneng sétzt, Filmer kuckt an erëm driwwer nodenkt wéi a firwat d’Nancy hie verlooss huet. Hien ass no drun sech a senger Gedankewelt wou sech Erënnerung, Dram, Angscht a Fantasie vermëschen ze verléieren …. bis säi beschte Kolleg, den Dick, an deem seng Fra, d’Linda, décidéieren senger Lethargie a sengem Selbstmatleed en Enn ze setzen an hien erëm an d’Réalitéit zréckzehuelen. Obwuel dem Allan seng Onsécherheet, säi Selbstmatleed a gläichzäiteg säin ironesche Bléck op sech selwer a seng Situatioun een oft zum Laache bréngen, kann een sech zimlech liicht an deem verluerenen, dépriméierten, asprosüchtege Personnnage erëmfannen. Och den Dick an d’Linda kënnen an engem Moment immems witzeg wierken, ier ee mierkt wéi mënschlech hir Ängschten a Gefiller her Liewensfrou eigentlech sinn a wéivill Ähnlechkeeten si heinsdo mat engem selwer kënnen hunn. Et kann ee laachen iwwert d’Onbehollefheet vun de Personnagen, zemools well villes iwwerspëtzt duergestallt ass, a gläichzäiteg spigelt „Eng Aspro fir zwee“ e groussen Deel vun de Problemer erëm mat deene mir am Alldag konfrontéiert sinn: d’Angscht virum Elengsinn, d’Angscht ze versoen oder net ze gefalen, d’Orientéieren un engem vermeintlechen Ideal dat am Endeffekt guer net wichteg ass, Selbstzweifel a Selbstmatleed, d’Sich no Léift an no sech selwer…. „Eng Aspro fir zwee“ ass eng lëtzebuergesch Adaptatioun vum Woody Allen senger Comédie „Play it again, Sam“, 1969 uropgefouert am Broadhurst Theater zu New York. 1972 huet hien zesummen mam Herbert Ross säi Stéck fir de Kino adaptéiert. Am Theaterstéck wéi am Film huet de Woody Allen selwer d’Roll vum Allan Felix gespillt, d’Diane Keaton d’Roll vum Linda.